search

/ Jeff Boonen: "Mercosur-Accord ass fir en Agrarbudget néideg"

eu-handelsaccord

|
headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow

Jeff Boonen: "Mercosur-Accord ass fir en Agrarbudget néideg"

De Mercosur-Accord wier néideg, fir datt een an der EU en Agrarbudget kéint stemmen. Dat sot de President vun der Chamberagrarkommissioun Jeff Boonen am 100,7-Interview. Datt d’Bauere sech Suerge maachen, wier ze verstoen, well nieft dem Handelsaccord och den Agrarbudget zejoert op der Kipp stoung.

headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow
Jeff Boonen | © Chambre des députés
Jeff Boonen (Foto: Chambre des députés)

Iwwerdeems hätt en am Fräihandelsofkommes mat verschiddenen südamerikanesche Staaten awer eng Rei u Schutzklauselen fir déi europäesch Bauere festgehal, notamment wat den Import vu Rëndfleesch ugeet, esou nach den CSV-Deputéierten.

Déi Schutzklauselen géifen déi europäesch Bauere fir de Moment gutt schütze fënnt de Jeff Boonen.

"Wann de Präis jo méi wéi 8 Prozent géif falen, duerch den Import aus deenen do Regiounen, kéint een d'Handbrems zéien. Ech mengen awer schonn, dass dat eng Verbesserung ass an dass dat och eng Klausel ass, wann déi wierkt a mir stoppen dann d'Importer, da kënnt jo näischt méi vun do eran. Dat muss ee lo mol wierke loossen. Ech hoffen, dass mer et net brauchen. Ech ginn och dovun aus, dass mer et net brauchen, well d'Konjunktur awer gutt ausgesäit." 

De Jeff Boonen huet doriwwer eraus och d’Agrarministesch Martine Hansen verdeedegt.  Datt si den Detail vun deene Schutzklauselen net géif kennen, wéi si d’lescht Woch am 100,7-Interview gesot huet, wier normal, well d’CSV-Landwirtschaftsministesch op europäeschem Niveau net un deenen Diskussioune bedeelegt wier, esou nach de Jeff Boonen.

Do wieren nämlech d’Handels- an d’Ausseministeren zoustänneg.

Lauschtert de ganzen Interview mam Jeff Boonen

play_arrow Lauschteren