Radioen

On air

Notturno  |  Jungle - Cherry

play_arrow Live
search

/ Japanese Breakfast - "For Melancholy Brunettes (& Sad Women)"

Album vun der Woch

Japanese Breakfast - "For Melancholy Brunettes (& Sad Women)"

Chamber Pop trëfft op Country an Indierock . Op hirem véierten Album "For Melancholy Brunettes (& Sad Women)" weist déi amerikanesch Formatioun Japanese Breakfast sech ongewinnt onperséinlech a setzt amplaz op Weltliteratur a Gesellschaftskritik. En eklektesche Mix - musikalesch wéi och textlech. 

auto_stories

2 min

headphones

6 min

© Bandcamp / Japanese Breakfast play_arrow
(Foto: Bandcamp / Japanese Breakfast)

Wien Japanese Breakfast kennt, dee weess, datt d’Melancholie bei hinne grouss geschriwwe gëtt. Den Debutalbum "Psychopomp" vun 2016 an och den Nofollger "Soft Sounds from Another Planet" waren Alben, op deenen d’Frontfra a Mastermind Michelle Zauner den Dout vun hirer Mamm an d’Trauer an d’Trauma doriwwer an de Mëttelpunkt gestallt hat. Si huet och e Buch mam Titel "Crying in H Mart" iwwer hir koreanesch Wuerzelen an de Verloscht vun hirer Mamm geschriwwen, wat zu engem New York Times-Bestseller gouf. 

Däitlech méi opulent a poléiert

Op dem leschten Album "Jubilee" vun 2021 gouf et awer en Emotiounswiessel. Et war een Disk, dee virun allem vu Freed an Euphorie gedroe gouf. An elo eben "For Melancholy Brunettes (& Sad Women)", een Album, deen iergendwou tëschent all déi Stëmmunge fält. Melancholesch jo, mee d’Melancholie ass hei net iwwergräifend. Se gëtt éischter als séissen Zockergoss opgedroen, zum Beispill am Song "Orlando in Love".

Et gëtt ee staarken orchestralen Touch, wat zimmlech bezeechnend ass, well dësen Album am Verglach zu de Virgänger däitlech méi opulent a poléiert kléngt.

Japanese Breakfast hu sech eigentlech als DIY a Lo-fi Formatioun en Numm gemaach. Niewent dem Chamber Pop gëtt et awer och nach Americana a Country Aflëss um Album, ënner anerem an engem Duett mam Schauspiller Jeff Bridges. Donieft nach vill klasseschen Indierock an och Stécker ewéi "Honey Water", op deenen d’Shoegaze-Gittaren dominéieren. Déi eklektesch Klangpalett um neien Album ass villäicht och dem Produzent Blake Mills deelweis zouzeschreiwen, dee scho fir Acts ewéi d’Fiona Apple, de Bob Dylan, d’Feist oder de John Legend hannert dem Mëschpult souz an och als Solomuseker duerchaus iwwerzeegt.

D'Handschrëft vun der Band manner lieserlech

D’Trauer ass net méi dat textlech Leitmotiv vun Japanese Breakfast, wat awer och domadder zesummenhänkt, datt d’Michelle Zauner um neien Album manner iwwert dat eegent Liewe séngt, mee méi an dat Fiktionaalt ofdrift. Et ass een Album mat ville literaresche Referenzen - Thomas Mann, Virginia Woolf zum Beispill. Et geet hei méi ëm generell Sujeten ewéi toxesch Männlechkeet, Bezéiungsproblemer oder och Mythologie.

Vill Varietéit also op engem Disk, dee grad mol 30 Minutte laang ass, wat, eenzege Kritikpunkt, mat Momenter dozou féiert, datt déi kloer Japanese Breakfast Handschrëft vun de Virgängeralben hei e wéineg manner lieserlech ass.

Lauschterenplay_arrow