Radioen

On air

9 bis 1  |  Grizzly Bear - Two Weeks

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jamila Woods - "Water Made Us"

Album vun der Woch

Jamila Woods - "Water Made Us"

Net nëmme Songschreiwerin ass d‘Jamila Woods, mee och Dichterin an Aktivistin. Op hire viregte Placken huet sech déi 34-järeg Amerikanerin ganz engagéiert gewisen. Sou huet si op „Legacy! Legacy!“ vun 2019 all Lidd als Hommage geschriwwen un eng wichteg schwaarz Perséinlechkeet aus der amerikanescher Geschicht, wéi den James Baldwin oder de Muddy Waters, mee och der mexikanescher Molerin Frida Kahlo huet si sech musikalesch vernäipt.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

play_arrow

Fir hiren drëtten Album „Water Made Us“ tauscht d‘Jamila Woods dann awer dat Politescht géint dat Perséinlecht an, a mécht sech selwer zum Studienobjet. An der Zäit vun der Pandemie huet si sech op eemol – ouni d‘Méiglechkeet opzetrieden oder gréisser Projeten unzegoen – ganz eleng mat hire Gedanken erëmfonnt. An esou huet si déi Bezéiunge Revue passéiere gelooss, déi hiert Liewe bis zu deem Punkt gepräägt haten.

De Laf vum Floss

Klassesch Libeslidder fënnt een op „Water Made Us“ net onbedéngt, dofir ganz eloquent a gläichzäiteg dacks humorvoll Analys vun Tëschemënschlechem. An der Single „Practice“ séngt d‘Jamila Woods dovunner, datt ee Léift net ëmmer soll esou schrecklech eescht huelen: „You ain‘t gotta be the one“, heescht et hei, „we were just rehearsin‘ babe“.

Dobäi schléissen sech de Wonsch no méi Liichtegkeet an déifgrënneg Iwwerleeungen awer net aus. Fir den Titel vun hirem Album huet sech d‘Jamila Woods bei der Literaturnobelpräislaureatin Toni Morrison inspiréiert. Wann e Floss géif iwwer d‘Ufer trieden, huet d‘Toni Morrison eemol gesot, da wier dat keng Iwwerschwemmung – neen, et wier just dem Floss seng Manéier sech dorunner ze erënneren, wéi säi Laf war, ier dëse vum Mënsch verännert gouf.

Och geschwaten Texter fënnt ee rëm

An esou sinn déi 17 Stécker vum Album fir d‘Jamila Woods dann och kleng Reesen zeréck an d‘Zäit, op deene si probéiert, sech dorunner ze erënnere wie si war, ier Begéinungen a Bezéiunge si verännert hunn. Am beschte gëtt dëst symboliséiert duerch den Titel „All My Exes“, kee Lidd am eigentleche Sënn, éischter eng Spoken-Word-Performance mat minimaler musikalescher Ënnermolung.

Iwwerhaapt wiessele sech op dëser Plack ganz agängeg, groovend Neo-Soul-Titele wéi „Tiny Garden“, „Boomerang“ oder „Still“ of mat geschwaten Texter. D‘Jamila Woods war scho wärend hirem Studium op der renomméierter Brown-Universitéit an der Spoken-Word-Zeen aktiv, publizéiert reegelméisseg Gedichter an engagéiert sech och fir jonk Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller ze fërderen. 

Selwer produzéiert a mat e puer Invitéen

Dofir ass „Water Made Us“ och keen Album fir niewebäi ze lauschteren. E luet an, fir sech Zäit ze huelen, villäicht de Kopfhörer op ze dinn, an sech op der Kënschtlerin hir introspektiv Rees anzeloossen. Déi relativ akustesch a ganz lëfteg Arrangementer, an deenen een net vu villen iwwertenee getässelte Spueren oder Effekter erschloe gëtt, loossen den Texter genuch Plaz fir ze wierken. Produzéiert huet d‘Musekerin iwweregens selwer, zesumme mam Arrangeur McClenney vu Los Angeles, an e puer Invitéeë sinn och mat derbäi, zum Beispill d‘Sängerin duendita oder de Rapper Saba.

„Somebody tried to like me and I scared them with my mind“, séngt d‘Jamila Woods am Titel „Still“. Beängschtegend ass dësen Album definitiv net – beandrockend, jo.


Lauschterenplay_arrow