Radioen

On air

Moiesstudio  |  Yves Jarvis - The Knife In Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwerschwemmungen a Kasachstan: Mindestens 12.000 Haiser betraff

Russescht Grenzgebitt Orenburg

Iwwerschwemmungen a Kasachstan: Mindestens 12.000 Haiser betraff

Bei staarkem Héichwaasser am russesche Grenzgebitt zum Kasachstan sinn eng 12.000 Haiser iwwerschwemmt ginn. De Vizegouverneur vun der Regioun rechent domat, datt nach Honnerten dobäi kommen. Zënter enger Woch klammen d'Peegelen.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / globallookpress.com | Sergey Nikiforov

Et sinn déi schlëmmst Iwwerschwemmungen zënter den Opzeechnungen. Un der Grenz zu Kasachstan an de Regiounen Orenburg a Kurgan war de Peegelstand dës Nuecht op 2 Meter iwwert de Seuil geklommen.

Scho leschte Weekend hat déi russesch Regierung den Noutstand ausgeruff. Réischt an zwee Deeg gëtt mat engem Réckgang vum Waasser gerechent.

Virun allem Stied am Süde vun den Uralbierger stinn ënner Waasser.

Am Gebitt Orenburg, un der Grenz zu Kasachstan, gëtt d’Situatioun ëmmer méi schlëmm. D’Waasser klëmmt rasant an ass an de leschte 24 Stonnen ëm 70 Zentimeter eropgaangen. Bal 12.000 Haiser stinn ënner Waasser. Dausende Leit hunn hiert Doheem misse verloossen.

Rieds vu Joerhonnertflut

Grad esou a Kasachstan. Honnertdausende Leit hunn d’Haaptstad Astana verlooss fir sech a Sécherheet ze bréngen.

An de russesche Medie gëtt vun enger Joerhonnertflut mat apokalypteschem Ausmooss geschwat. Och déi elektresch Infrastruktur ass betraff, sou datt ganz vill Leit den Ament keen Zougang zu Stroum hunn.

Schued gëtt op 400 Milliounen Euro gerechent

An deene Regiounen, wou et am schlëmmsten ass, sinn och medezinesch Ariichtunge betraff. De Schued gëtt bis ewell op 40 Milliarde Rubel geschat, also ëmgerechent 400 Milliounen Euro.

Grond fir d’Iwwerschwemmungen ass staarke Reen, parallel zum Schmëlze vu grousse Schnéimassen. Derbäi kënnt, datt eng Rei Staudämm dem Drock vum Waasser net Stand gehalen hunn a gebrach sinn.