arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwerschëldung: "Ech war permanent gestresst, ech hu gekrasch, ech hu geziddert"

Temoignage

|
reading time

7 min

Iwwerschëldung: "Ech war permanent gestresst, ech hu gekrasch, ech hu geziddert"

Wéi ass et, wann een net méi genuch Suen huet, fir säi Loyer, seng Rechnungen oder seng Prêten ze bezuelen, well een exzessiv Scholden huet? Dat huet eng jonk Fra eis erzielt, déi an der Iwwerschëldung war.

reading time

7 min

Symbolfoto | © picture alliance / imageBROKER | Bernhard Classen
Symbolfoto (Foto: picture alliance / imageBROKER | Bernhard Classen)

D’Fra, déi hire richtegen Numm net um Radio wëllt héieren, nenne mir hei Sandra. Am Joer 2020 huet d’Sandra ee Mann vum Cap Vert kennegeléiert.

D’Sandra ass vun him schwanger ginn. Fir datt de Mann op Lëtzebuerg konnt kommen, huet d’Koppel ee Kredit opgeholl.

7 Joer Zäit fir d'Scholden zeréckzebezuelen 

"Ech hunn hien heihinner bruecht", seet d’Sandra haut.

"Et sinn e puer Saachen, déi hie mir versprach huet, net esou gelaf, wéi hie mir et gesot huet. An dunn huet hie mech e bëssen arnaquéiert. An op eemol hat ech Problemer de Loyer ze bezuelen."

Dobäi koume weider finanziell Problemer, zum Beispill mam Mobilfunk-Abo. D’Sandra war vir bäi an hanne widder.

Wéinst hirer schwiereger Situatioun krut d’Sandra recommandéiert, sech un d’ASBL Inter-Actions ze riichten. D’Sandra huet do gesot kritt, datt si siwe Joer laang Zäit hätt, fir d’Scholden zréckzebezuelen.

"A mengem Kapp hunn ech gesot, wow, siwe Joer, dat dote wäert ech nimools packen. Well ech war ni an där Situatioun."

D’Sandra huet awer decidéiert, esou séier wéi méiglech 100 Prozent vun hirer Schold vu ronn 20.000 Euro zeréckzebezuelen.

"Fir mech war et net méi an d’Vakanz goen, net méi maachen, wat ech am Fong virdru gemaach hunn."

"Et war wierklech ganz schwéier", huet d’Sandra eis gezielt.

Op alles verzichten, wat ee gäre mécht 

Hir ass et esou awer gelongen, hir Scholden a ronn annerhallwem Joer zeréckzebezuelen.

"Du méchs alles wat s De am Fong gären hues, op d’Säit. Well déi Sue mussen erëm zeréckbezuelt ginn. (...) Dann hunn ech gesot, ech huelen elo nëmme Sue fir wat ech wierklech brauch: dat wëllt heeschen, wann ech Kleeder fir mäi Meedche brauch. Wann ech elo fir mech ... Also ee Minimum. Elo net permanent bei de Surendettement goen, a soen ech wëll elo e Rack kafe vun 300 Euro. Et huet kee wäert. Et muss e wierklech froe fir Saachen, déi Wäert hunn." 

Wat huet d’Sandra op hirem Wee aus hirer Iwwerschëldung motivéiert fir net opzeginn?

"Mäi Meedchen, permanent. Wéi ech mäi Meedche gesinn hunn, hunn ech mir gesot, ech wëll fir hatt kämpfen. Ech wëll no vir goen. Ech wëll him alles ginn, wat ech him am Ufank net konnt ginn." 

An der Tëschenzäit huet d’Sandra geléiert, sech eng finanziell Reserv unzeleeën. Hir perséinlech Situatioun vun Iwwerschëldung beschreift si am Nachhinein esou:

"Ech war permanent gestresst, ech war net zefridden, ech hu permanent gekrasch, ech hu geziddert. An hautzedaags ass et net d’selwecht wéi fréier."

Gehollef krut d’Sandra beim Informatiouns- a Berodungsservice Surendettement (SICS) vun der ASBL Inter-Actions zu Esch.

Inter-Actions ass Mat-Organisateur vun der "Semaine Nationale de Prévention du Surendettement 2026" | © Serge Kesseler
Inter-Actions ass Mat-Organisateur vun der "Semaine Nationale de Prévention du Surendettement 2026" (Foto: Serge Kesseler)

Scheedung, Accidenter, Stierffall - Dacks vill Ursaache mateneen

Dacks géif et net nëmmen eng Ursaach ginn, wouduerch d’Leit an d’Iwwerschëldung geroden, esou d’Gestionnaire de Dossier beim Scholdeberodungsservice vun Inter-Actions, d’Sandrine Heider iwwer hir Erfarunge mat Leit mat grousse finanzielle Problemer.

"C'est compliqué de dire cette personne là, c'est sa perte d'emploi qui a fait qu'elle est en dossier de surendettement, ou c'est sa séparation qui a fait qu'elle est en dossier de surendettement. Parfois c'est plusieurs causes qui font que maintenant les accidents de la vie, comme un divorce, un décès ou effectivement une perte d'emploi, c'est souvent en fait les raisons pour lesquelles les personnes viennent chez nous."

Den Directeur adjoint vun Inter-Actions Helder Ribeiro schwätzt vun enger “gewëssener Stabilitéit” vun der Zuel vu Leit, déi an der Prozedur vum Surendettement sinn.

Iwwerverschëldung sollt keen Tabu-Theema sinn 

Bei Inter-Actions goufen et d’lescht Joer 366 Hëllefs-Ufroen: 21 nei Dossiere wéinst Iwwerschëldung goufen opgemaach.

"Mir hu vun all Altersklass, vun all sozial Klass, vun all Beruffsklass. Mir hu souwuel Leit, déi de Mindestloun verdéngen, wéi Leit, déi ganz gutt verdéngen, dat heescht, et ass wierklech vu bis."

D’Prozedur vum Surendettement gesäit vir, datt déi betraffe Persoun wärend maximal siwe Joer de Maximum vu Suen op hir Scholden zeréckbezilt.

"Wa wierklech guer näischt geet, dat ass awer zimmlech ganz rar, da kënnt een an eng Faillite personnelle, also eng perséinlech Insolvenz. Mee do sinn och nach aner juristesch Bedéngungen."

Iwwerschëldung wier ee schwieregt Theema, gëtt den Helder Ribeiro vun Inter-Actions zou: Duerch Preventioun géif ee probéieren, datt et awer keen Tabu-Theema méi bleift. Wann d’Leit fräi doriwwer schwätzen, da kéinte si sech och Hëllef siche goen.

Den Helder Ribeiro an d'Sandriner Heider vun Inter-Actions | © Serge Kesseler
Den Helder Ribeiro an d'Sandrine Heider vun Inter-Actions (Foto: Serge Kesseler)