Attacke goufen et ronderëm d‘Stad Dnipro an och ronderëm Saporischa. Bei enger Attack gëschter an der Regioun Donezk sinn 11 Leit ëmkomm, soen d‘Ukrainer, ënnert hinne fënnef Kanner.
Haut gëtt déi japanesch Ausseministerin Yoko Kamikawa iwwerraschend an der Ukrain erwaart. Si wëll hirem Homolog Dmytro Kuleba dobäi déi japanesch Ënnerstëtzung fir d‘Ukrain zousécheren. Japan ënnerstëtzt déi westlech Sanktioune géint Russland. Déi japanesch Constitutioun ass pazifistesch an dohier ass et dem Land net erlaabt, Waffen an d‘Ukrain ze liwweren.