Alles an allem géifen 3,8 Millioune Kanner a miserabel Konditioune liewen, dat heescht hir fundamental kierperlech Besoinen, wéi waarm, dréchen, propper a sat ze sinn, wieren net befriddegt…
Grond fir déi staark Hausse wier eng Kombinatioun aus ganz niddrege Salairen, ëmmer méi héije Liewenskäschten an eng héich Verschëldung. Dobäi kéim, dass de brittesche Sozialsystem d‘Mënschen net genuch schützt: nëmme knapp 3 Véierel vun de Mënschen, déi Hëllefsleeschtunge bräichten, kréichen och gehollef.