Maldini, Bergkamp, Klinsmann oder Romario. Et kënnt ee schonn e bëssen an d’Schwäerme, wann ee sech d’Spillerlëschten vun den National-Ekippen op der Männer-Fussballweltmeeschterschaft 1994 an den USA duerchliest. Ee weideren Numm stécht eraus: Andrés Escobar. Net wéinst engem sportleche Succès, mee wéinst enger Geschicht, déi d’WM 1994 fir ëmmer markéiere sollt.
An dësem “Bléck zeréck” stelle mir eis d’Fro, wéi dee jonke Medium Radio 100,7 esou ee grousst Sportevent wéi d’WM an déi domat verbonnen international Tragedie ëm den Andrés Escobar couvréiert huet.
"La vida no termina aquí"
Kolumbien. Medellín. Den 02. Juli 1994.
Den Andrés Escobar verléisst mat senge Kolleegen de Café El Indio. Eng Woch virdru stoung hien nach um Fussballsterrain a Kalifornien. Do ass et fir déi kolumbianesch Nationalekipp géint déi Schwäizer Selektioun ëm d’Weiderkomme bei der WM gaangen. Et war déi lescht Chance nodeems d’Kolumbianer, och wéinst dem Escobar sengem Eegegol, am Match virdru géint d’US-Amerikaner verluer haten.
Kolumbie gewënnt de Match géint d’Schwäiz, kënnt awer trotzdeem net weider. D’Ekipp ëm de Weltstar Carlos Valderrama, déi als Geheimfavorit gehandelt gouf, muss d’Heemrees untrieden.
An der kolumbianescher Sportzäitschrëft Il Tiempo seet den Escobar duerno, datt dat schlecht Ofschneide vu senger Ekipp zwar batter wier, mee net d’Enn vum Liewe géing bedeiten ("La vida no termina aquí").
Elo, um fréie Moien zu Medellín, wëllt hien einfach just nach heem. Hie mécht sech Richtung Auto. Do kënnt et um Parking zu enger Ausernanersetzung. Wouriwwer geschwat gëtt, ass net ganz kloer. D’Rapporte variéieren. De Chauffer a Bodyguard Humberto Munoz Castro soll rosen iwwer dem Escobar säin Eegegol gewiescht sinn. Hien zitt ee Revolver a schéisst 6 Mol.
Den Andrés Escobar stierft mat just 27 Joer.
Dee selwechten Dag informéiert de Carlo Schneider, deemools Journalist beim Radio 100,7, d’Nolauschterer an d’Nolauschterinnen an der Emissioun Panorama iwwer de Mord um kolumbianeschen Nationalspiller:
(Remark: Et solle 6 Schëss a keng 12 gewiescht sinn, déi den Escobar getraff hunn)
Och an den nationale wéi internationale Printmedie gouf iwwer de Mord bericht.
Sport um soziokulturelle radio
Dobäi war dës WM bis dohinner kaum present um Radio 100,7. Dat louch virun allem un de strikte Virgaben, no deenen deen éischten ëffentlech-rechtleche Sender zu Lëtzebuerg säi Programm gestalte sollt.
A senger Ried fir de Start vum Radio 100,7 den 19. September 1993 hat deen deemolege Premier- a Medieminister Jacques Santer d’Missioun vum “Soziokulturelle” kloer ënnerstrach:
“Dem soziokulturelle radio seng Missioun ass net d'Konkurrenz mam Privatsecteur, mee d'Komplementaritéit. Hie soll net dat nomaachen, wat déi Privatradioen dem Publikum schonns ubidden. Seng Aufgab ass et vill méi, fir Programmer ze produzéieren, déi bei deenen anere Radio ze kuerz kommen, Programmer vu Qualitéit.”
Dobäi koum, dat de soziokulturelle radio am Ufank seng Studioen am Gebai vun der CLT (Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion) um Kierchbierg gelount hat, vu wou aus och RTL gesent huet. Dat huet mat sech bruecht, datt am Accord fir d’Notze vun de Raimlechkeete vun der CLT net nëmmen d’Tariffer mee och eng Rei Punkten, déi de Programm betraff hunn, festgehale goufen. Ënner anerem sollt de Radio 100,7 drop verzichten, Sportresultater ze diffuséieren:
“... la RSC (radio socioculturelle) accepte de s’abstenir de diffuser des résultats sportifs à des heures régulières et de manière systématique.”
An trotzdeem huet de Start vun der WM et op d’Antenn gepackt, wann och net als klassesche, sportjournalistesche Contenu.
De Carlo Schneider, deemools Journalist beim Radio 100,7, hat amplaz vun engem seriöe Reportage éischter een deels sarkastesche Kommentar formuléiert, an deem hie sech ënner anerem mat der Sport- a Fussballkultur an den USA am Verglach zu Europa beschäftegt huet.
Lauschtert a säi Bäitrag vum 17. Juli 1994 eran:
Spuenesch Dreem an d’Realitéit
Wéi am Accord mat der CLT festgehalen, waren de weidere Verlaf oder d’Resultater vun der Weltmeeschterschaft effektiv an de follgende Woche keen Theema op der Antenn vum 100,7. An den Audioarchive fënnt sech beispillsweis och keng Meldung zum Ausgang vun der WM, bei där Brasilien sech an der Finall géint Italien duerchsetze konnt.
Eng Ausnam waren allerdéngs d‘Bäiträg vum Martine Wassermann de Castro. Si war Korrespondentin fir de Radio a Spuenien an hat vu Madrid aus d’Stëmmung nom gudden Optrëtt vun der spuenescher Nationalekipp agefaangen:
D’Selektioun ëm d’Starspiller Guardiola, Enrique an Hierro hat d’Gruppephas iwwerstanen a konnt och d’Aachtelsfinal géint d’Schwäiz meeschteren.
Bei där viregter WM war fir d’Spuenier an der Aachtelsfinall Schluss, firwat de Succès géint d’Schwäiz d’Euphorie am Land explodéiere gedoen huet:
“D’Moral vun der spuenescher Ekipp ass gutt an a Spuenie gëtt schonn iwwer d’Halleffinall an d’Finall gedreemt.”
De spueneschen Dram ass dunn allerdéngs an der Véierelsfinall geplatzt. Si hate géint dee spéidere Finalist Italie verluer. Mee och d’Noriicht vum Doud vum Andrés Escobar hat d’Stëmmung a Spuenie gedréckt:
Méi wéi nëmme Fussball
Wéi d’Martine Wassermann de Castro an hirem Bäitrag richteg sot, hat sech eng Eskalatioun vun der Gewalt ronderëm déi kolumbianesch Nationalekipp schonn am Ufank vun der WM ugedeit. Esou koum et schonn no der éischter Nidderlag vu Kolumbie géint Rumänien zu Morddroungen un de Spiller.
Kolumbien huet an den 90er, wéi och haut nach deelweis, extreem ënner der Muecht an der Gewalt vun Drogekarteller gelidden. Dës haten och ee staarken Afloss op de Sport am Land. Ee vun deene bekanntste Kartellcheffen an där Zäit, de Pablo Escobar, dee mam Andrés a kenger familiärer Relatioun stoung, hat zum Beispill an den 80er-Jore vill Geld a seng Liblingsekipp Atlético Nacional investéiert. Donieft hat hien och gutt Kontakter zur Nationalekipp, wéi beispillsweis zum Golkipper René Higuita.
Och de Mäerder vum Andrés Escobar hat Verbindungen zu den Drogekarteller. Op hien allerdéngs am Optrag vun esou engem gehandelt huet, konnt ni nogewise ginn. Den Humberto Munoz Castro krut eng Prisongsstrof vun 43 Joer, woubäi e schonn no 11 Joer wéinst gudder Féierung entlooss gouf.
Op d’Begriefnes vum Andrés Escobar koumen 120.000 Leit, ënner anerem och de kolumbianesche Staatspresident.
An dësem “Bléck zeréck“ gouf op d’Fussball-WM 1994 an den USA an op déi tragesch Geschicht vum kolumbianeschen Nationalspiller Andrés Escobar zeréckgekuckt. Obschonn de Radio 100,7, wéinst dem Accord mat der CLT a senger programmatescher Ausriichtung, nëmme wéineg Contenuen zur Weltmeeschterschaft 1994 produzéiert huet, weise seng Archiven, datt verschidde Geschichten de Kader vum Sport verloossen an domat och op engem “soziokulturelle radio” de Wee an de Programm fonnt hunn.