Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Childqueen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer 250.000 Covid-19-Impfdosisse goufen dëst Joer schonn zerstéiert

Santé

Iwwer 250.000 Covid-19-Impfdosisse goufen dëst Joer schonn zerstéiert

Zënter dem 8. Januar vun dësem Joer sinn 258.488 Covid-19-Impfdosissen zerstéiert ginn. Dat äntwert d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement.

auto_stories

1 min

AstraZeneca | © Juan Roballo / Bigstock

De Käschtepunkt vun den zerstéierten Dosissen an deem Zäitraum läit bei iwwer 5 Milliounen Euro. D‘Entsuergung vun deenen Dosissen huet ronn 1.400 Euro kascht.

An enger weiderer parlamentarescher Fro vun der LSAP zu de Covid-19 Vaccine preziséiert déi zoustänneg Ministesch Martine Deprez, datt fir dës Hierscht/Wantersaison ronn 145.000 nei Impfdosisse solle geliwwert ginn.