arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Itamar Ben-Gvir: "Nuets misst een 30 bis 40 Palästinenser:inne geziilt ëmbréngen"

Israel

|
reading time

1 min

Itamar Ben-Gvir: "Nuets misst een 30 bis 40 Palästinenser:inne geziilt ëmbréngen"

De rietsextreemen israeleesche Policeminister Itamar Ben-Gvir huet den Toun verschäerft: A Gaza missten nach méi Palästinenser:innen ëmbruecht ginn. Et wier och kee Geheimnis, datt hie sech an dëser Fro net mam Premier Benjamin Netanjahu eens wier.

reading time

1 min

Itamar Ben-Gvir | © EPA/ABIR SULTAN
Itamar Ben-Gvir (Foto: EPA/ABIR SULTAN)

De rietsextreemen israeleesche Policeminister Itamar Ben-Gvir sot, et misst een all Nuecht 30 bis 40 Palästinenser:inne geziilt ëmbréngen. Et wiere Leit, déi et net verdéngt hätten, ze liewen.

De Minister huet déi Aussoen kuerz virun enger neier Gespréichsronn mam US-amerikaneschen Negociateur Jared Kushner gemaach. 

USA wëllen iwwer Friddensplang verhandelen

De Jared Kushner ass haut an Israel ukomm. Geplangt ass eng Entrevue mam israeelesche Premier Benjamin Netanjahu. 

De Kushner probéiert, Fortschrëtter bei den USA hirem sougenannte Friddensplang fir d‘Gazasträif ze erreechen. Israel huet de Plang ofgeleent a fuerdert fir d‘éischt eng komplett Entwaffne vun der Hamas, ier déi israeelesch Arméi sech komplett aus dem palästinenseschen Territoire zeréckzitt.

Israeelesch Siidler blockéieren Dierfer am Westjordanland

Wärend d‘USA probéieren hire Friddensplang fir d‘Gazasträif ze konkretiséieren, mellt Israel ëmmer nees geziilten Attack op Hamas-Memberen. Och déi israeelesch Siidler-Politik geet monter weider. 

D‘USA haten déi israeelesch Arméi a Police opgefuerdert, net nozekucken a géint déi Responsabel Israeelien am Westjordanland virzegoen. Déi israeelesch Arméi ass och op d‘Plaz gefuer, mee si hunn net déi israeelesch Siidler, mee déi palästinensesch Famille forcéiert, hiert Duerf ze verloossen.