D‘Hamas hat virdru gesot, si géif de Friddensplang akzeptéieren, mee Israel misst fir d‘éischt seng Arméi iwwer eng am Plang definéiert Linn zeréckzéien.
Déidlech Asätz vun Hëlleforganisaitounen
350 Mataarbechter:inne vun humanitären Organisatioune sinn zejoert bei hirer Aarbecht ëm d‘Liewe komm. Dës Zuel nennt déi sougenannten "Aid Worker Security Database", déi a Groussbritannien erstallt gëtt.
Déi meescht Doudesfäll bei humanitären Asätz zejoert hätt et an der Gazasträif ginn, wou 186 Membere vun Hëllefsorganisatiounen ëm d‘Liewe koumen.
Am Sudan waren et der 71. Donieft wieren zejoert och 322 Membere vum Hëllefsorganisatioune beim Asaz blesséiert an 235 entféiert ginn.