Déi nei Reegele solle vun der nächster Rentrée am September un a Kraaft trieden. D‘Gesetz gouf mat enger Majoritéit vun der rietser Koalitioun vun der Ministerpresidentin Giorgia Meloni duerchgesat.
arrow_back_ios
search
Italien
|Italien verbitt deelweis Coursen iwwer sexuell Bildung an de Schoulen
An Italien gouf een neit Gesetz a Saachen Educatioun gestëmmt. Dozou gehéiert, datt an Zukunft Elteren hir ausdrécklech Zoustëmmung musse ginn, fir datt d‘Kand an de Cours iwwer sexuell Bildung dierf goen. An de Spillschoulen an an de Grondschoule wäert dee Cours iwwerdeems komplett verbuede ginn.
(Foto: EPA/ANGELO CARCONI)