Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Israel wëll d'Gazasträif net permanent occupéieren

Netanjahu confirméiert dem Blinken

Israel wëll d'Gazasträif net permanent occupéieren

Den US-Ausseminister huet Meldungen, datt Israel de Gazasträif méiglecherweis erëm permanent occupéiere wéilt, zeréckgewisen: Déi israeelesch Regierung hätt keng esou Pläng, esou den Antony Blinken zu Tel Aviv.

auto_stories

1 min

© picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hätt him dat confirméiert. D‘USA wiere géint eng nei permanent Besetzung vun der Gazasträif.

Israeelesch Mënscherechtsgruppen haten d‘lescht Woch gewarnt, datt et Unzeeche fir esou eng permanent Occupatioun géif ginn.

Israel huet iwwerdeems confirméiert, datt och den neie Chef vun der Hisbollah-Miliz am Libanon eliminéiert gi wier, de Successeur also vum Nasrallah, deen Enn September bei enger israeelescher Loftattack ëm d‘Liewe komm war. Den  Haschem Safi al-Din  wier virun dräi Woche bei enger Attack zu Beirut getraff ginn, esou déi israeelesch Arméi. D‘Hisbollah huet säin Doud bis elo net confirméiert.