Südafrika huet Israel verklot, mam Argument, datt déi militäresch Gewalt géigeniwwer der ziviller Populatioun an der Gazasträif ee Verstouss géingt d’UN-Vëlkermordkonventioun wier. Israel weist d’Virwërf vehement zeréck.
D‘Rechtsvertrieder aus Südafrika haten eng immediat Protection juridique fir d‘Palestinenser gefuerdert. Eng Decisioun doriwwer wäerten d‘Riichter an den nächste Wochen huelen. E Prozess an der Haaptsaach, dem Virworf vu Vëlkermord, ka Joren daueren.