Radioen

On air

Moiesstudio  |  CVC - Bonnie and Clyde

play_arrow Live
search

/ Israel kritt Mësshandlung vu palestinensesche Prisonéier virgeworf

Schaarf Kritik vun der UNO

Israel kritt Mësshandlung vu palestinensesche Prisonéier virgeworf

D‘UNO reprochéiert Israel Mësshandlunge vu palestinensesche Prisonéier. Männer wieren iwwer Woche festgehalen a geschloe ginn, esou ee Mënscherechtsvertrieder vun der UNO an der Gazasträif.

auto_stories

1 min

Israeelesch Arméi | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Israeelesch Arméi (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

Hien hätt Männer getraff, déi him gesot hätten, datt hinnen d‘Ae verbonne gi wieren. Verschiddener wiere quasi plakeg oder just a Wëndele gekleet fräigelooss ginn.

Hie geet vun dausenden esou Fäll aus. Dat israeelescht Militär huet sech nach net zu de Reprochë geäussert. A fréiere Stellungnamen huet et geheescht, datt d‘Prisonéier am Kader vum internationale Recht géife behandelt ginn.