Radioen

On air

Notturno  |  Jambal - Remedy Of Tomorrow

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel kënnegt nach méi intensiv Kämpf un - Palestinenser sollen an d'Süd-Gazasträif flüchten

Noen Osten

Israel kënnegt nach méi intensiv Kämpf un - Palestinenser sollen an d'Süd-Gazasträif flüchten

Israel huet de Palestinenser aus der Gazasträif recommandéiert an de Süden ze flüchten. Dat wéinst de Kämpf, déi am Norden nach eng Kéier intensivéiert ginn.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet gëschter betount, datt de Krich géint den Hamas an der Gazasträif kéint laang daueren, mee et wier een drop virbereet.

Israeelesch Zaldoten hunn och hënt Buedemoperatioune gefouert, an d‘Gazasträif weider bombardéiert. Wéi d‘Situatioun genee ausgesäit ass schwiereg anzeschätzen. Den Internet, dee gëschter ausgefall ass, géif elo lues a lues nees funktionéieren. Honnerte Gebaier wiere komplett zerstéiert ginn.

D'Hamas huet elo d‘Befreiung vun den 230 israeelesche Geisel proposéiert, en Konterpartie vun der Befreiung vun dausenden Palestinenser, déi an Israel am Prisong sinn.

Verschidde Länner ewéi Saudi-Arabien condamnéieren déi geplangte Buedemoffensiven a schwätze vun engem Broch an engem Verstouss géint dat internationaalt Recht.

An Tëschenzäit an och wëll et kee Stroum gëtt a wëll den Internet an den Telefon net méi funktionéiert, wier déi humanitär Situatioun an der Gazasträif katastrophal. D‘Liwwerung vun Hëllefsgidder goufen zwar vun Israel elo nees erlaabt, mee et geet net duer. Palestinensesch Extremisten hunn och gëschter nees Rakéiten a Richtung Israel geschoss. 

Déi humanitär Situatioun an der Gazasträif degradéiert sech extrem

Am Ëmkrees vum Spidol Schifa a Gaza, dat an normalen Zäiten eng 700 Patienten kann ophuelen, wieren eng 60.000 Patienten a Familljemembere versammelt, déi d‘Spidol als sécheren Zoufluchtspunkt ugesinn. Si campéieren ënnert anerem an Zelter

Israel consideréiert awer, datt d'Hamas an deem Spidol seng Kommandozentral installéiert huet. Den Hamas huet déi Behaaptung awer dementéiert.

Wéinst der Nout, wéinst dem Manktem un Drénkwaasser an u Liewensmëttel ginn d‘Depote vun den UNO-Agencen attackéiert an och ausgeraumt. D‘UNO fäert datt den Ordre civil a Gaza elo verschwënnt.