Radioen

On air

Moiesstudio  |  Divorce - Antarctica

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel huet weider Positiounen am Libanon attackéiert

Noen Osten

Israel huet weider Positiounen am Libanon attackéiert

Israel huet fir d‘éischte Kéier Ziler am Zentrum vun der libaneesescher Haaptstad Beirut attackéiert. Bis elo goufen et déi meeschten Explosiounen an Affer an de südleche Viruerter. Elo huet Israel en Haus am Zentrum, nëmmen e puer Kilometer vun de Regierungsgebaier an Ambassaden ugegraff.

auto_stories

2 min

F35 | © picture alliance / Photoshot | -
Foto: picture alliance / Photoshot | -

Bei der Attack wieren 9 Mënschen ëm d‘Liewe komm, mellt de Gesondheetsministère zu Beirut. 

Déi libaneesesch Arméi mellt och elo, datt en zweeten Zaldot am Süde vum Land ëm d‘Liewe komm wier. Dat ass fir d‘éischte Kéier zanter der israeelescher Buedemoffensiv am Libanon, datt libaneeseschen Zaldote gestuerwe sinn. D‘Zaldoten hätten zesumme mam Roude Kräiz Zivilisten aus enger Uertschaft am Süden evakuéiert, dobäi wieren si ugegraff ginn, et wier och een Zaldot blesséiert ginn. Dat hunn UNO-Blohelmer gemellt, déi d‘Grenzgebitt am Süden iwwerwaachen. 

1,2 Millioune Leit sinn am Libanon aktuell op der Flucht virun den israeeleschen Attacken, mellen déi libaneesesch Autoritéiten. Déi humanitär Situatioun ass deels katastrophal.

Israel huet och Positiounen a Syrien an der Haaptstad Damaskus attackéiert. Dobäi wieren dräi Leit ëmkomm, heescht et aus Syrien, ënner den Doudege wier och de Schwoer vum Hisbollah-Chef Hassan Nasrallah.

Iwwer all deem steet och d'Fro, ob a wéi Israel op déi iranesch Attack vun en Dënschdeg reagéiere wäert. Ginn déi iranesch Atomanlage viséiert? Den US-President Jo Biden huet dat de Mëttwoch kloer vum Dësch gewëscht. Aus den israeelesche Kulissen heescht et, Israel kéint Pëtrolslageren a strategesch Installatiounen am Iran viséieren.

Den Iran huet d‘Deklaratioun vum G7 rejetéiert, wou d‘G7-Länner déi iranesch Rakéiten-Attack op Israel verurteelt a verschäerfte Sanktioune géint Teheran gefuerdert hunn. Déi Deklaratioun wier parteiesch an irresponsabel, den Iran hätt just op déi israeelesch Aggressioune reagéiert.