Béid Länner hunn entre Temps hire Loftraum gespaart, dat mellen international Medienagencen.
Nieft zou staarken Detonatiounen zu Teheran, déi kuerz nodeems een zwou grouss Dampwolleken am Zentrum an am Osten vun der iranescher Haaptstad konnt beobachten, sinn elo och weider Explosioune gemellt ginn. Dat ënnert anerem an der Ispahan an a weider Stied am Ëmkrees. Dat melle lokal Journaliste vun der franséischer Noriichtenagence.
An Israel wier den Ausnamezoustand ausgeruff ginn, esou heescht et vum Defenseministère.
Hannergrond sinn dem Donald Trump seng Drohungen den Iran militäresch ze attackéieren, wann ee sech net op een Atomprogramm géif eenegen. Den US-President hat en Ultimatum bis Ufank Mäerz gestallt.