Radioen

On air

Notturno  |  Judee Sill - There's a Rugged Road

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel: Krich geet virun, bis d'Hamas eliminéiert ass

Noen Osten

Israel: Krich geet virun, bis d'Hamas eliminéiert ass

Israel wäert de Krich géingt d‘Hamas an der Gazasträif weiderfeieren, an dat esou laang, bis déi islamistesch Palestinenserorganisatioun eliminéiert ass, an déi 129 israeelesch Geisele fräi sinn. Doriwwer huet den israeeleschen Ausseminister Eli Cohen de Moien an engem Message op X keen Zweifel gelooss.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Mohammed Talatene
(Foto: picture alliance/dpa | Mohammed Talatene)

Israel wëll och weider all Hëllefsliwwerung fir d‘Gazasträif kontrolléieren. Dat fir ze verhënneren, datt d‘Hamas esou Waffe geliwwert kritt.

Dat war d‘Reaktioun op e Vott hënt am UNO Weltsécherheetsrot.

Israel huet sengersäits de Moien annoncéiert, datt si weider Dosenden Terroristen an der Gazasträif dout gemaach hätten.