Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Eddie Chacon - Let You Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Zaldoten attackéiert / Militär schéisst zeréck

Noen Osten

Israeelesch Zaldoten attackéiert / Militär schéisst zeréck

Déi israeelesch Arméi dréngt ëmmer méi wäit an d‘Gazasträif vir. Bei enger Attack gëschter Owend sinn der Hamas no 30 Zivilisten an engem Flüchtlingscamp ëm d‘Liewe komm. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
(Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

De Moie fréi solle Medieberichter no Terroristen israeelesch Zaldoten am Süde vun der Gazasträif mat Panzerofwierrakéiten attackéiert hunn. Dat israeelescht Militär hätt zeréck geschoss.

D‘Arméi huet d‘Zivilisten am Norde vun der Gazasträif zanter dem Ufank vum Krich ëmmer nees opgeruff, zu hirer eegener Sécherheet an de Süde vum Küstegebitt ze flüchten. Dat hu bis elo ronn 700.000 Mënsche gemaach, mellen déi israeelesch Autoritéiten.

Virun allem am Norde bekämpft d‘Militär aktuell d‘Ariichtunge vun der Hamas, och am Süde koum et schonn zu Bombardementer. Do géif een awer nëmme geziilt Cheffe vun der Terrororganisatioun ugräifen, sou d‘Arméi. Dee Beräich wier keng sécher Zon, awer méi sécher, wéi all aner Plaz a Gaza.