Radioen

On air

Kultur um 5  |  Bloc Party - Banquet

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Buedemoffensiv breet sech aus - Hamas publizéiert neie Bilan vun Doudesaffer

Noen Osten

Israeelesch Buedemoffensiv breet sech aus - Hamas publizéiert neie Bilan vun Doudesaffer

Déi israeelesch Buedemoffensiv an der Gazasträif breet sech weider aus. Déi israeelesch Arméi huet de Moie gemellt, dass si eng Rakéit, déi an der Regioun vum Roude Mier ofgeschoss gi wier, interceptéiert hätt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Déi Rakéit kéint vun den Huti-Rebellen aus dem Jemen ofgeschoss gi sinn, déi hu gemellt, datt si Dronen a Richtung Israel geschoss hätten.

D‘Hamas-Autoritéiten hunn de Moien en neie Bilan vun den Doudesaffer matgedeelt. Deemno wieren zanter dem Ufank vum Krich, de 7. Oktober, 8.525 Mënschen an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm an iwwer 21.500 blesséiert ginn. Déi Zuele loossen sech net onofhängeg confirméieren.

Ënnert den Doudesaffer wiere 40 % Kanner. Dat hunn déi zwou ONGe Save the Children an Unicef matgedeelt: iwwer 3.400 Kanner wiere bis elo am Krich ëmkomm an 1.000 géife vermësst ginn.

Dräi palestinensesch Mënscherechtsgruppen hunn den Internationale Strofgeriichtshaff opgefuerdert, géint Membere vun der israeelescher Regierung an der Arméi international Haftbefeeler auszestellen, fir Verbrieche géint Kanner.

Eng ONG, déi hire Siège an Amerika huet, huet haut matgedeelt, datt och schonn 31 Journalisten am Gaza-Krich ëm d‘Liewe komm wieren, dorënner 26 Palestinenser, véier  Israeeli an ee Libanes.