De Convoi, mat ënner anerem Ambulanze vum palestinensesche Rouden Hallefmound, gouf vun israeeleschen Zaldoten interceptéiert. Si soten, d‘Gefierer hätten d‘Luuchten net ugehat. Ee Smartphone Video vun engem Paramedeziner, dee bei där Attack ëm d‘Liewe koum, weist awer: D‘Luuchte vun de Gefierer waren un. Déi israeelesch Zaldoten hunn ouni Warnung op de Convoi geschoss.
De Video gouf vun der New York Times publizéiert
Déi israeelesch Arméi huet zouginn: Den Zaldoten hir Beschreiwung vun den Ëmstänn vun der Attack wier deelweis falsch. D‘Arméi géif de Video elo genee analyséieren a sech da weider äusseren.
Arees refuséiert
Zwou Deputéierter vun der brittescher Labour Partei goufen net an Israel eragelooss. Déi zwou Politikerinnen - Abtisam Mohamed a Yuan Yang - ware gëschter bei der Arrivée vum Flughafe festgehal ginn a kruten duerno d‘Arees refuséiert. Och hir Assistente goufen net an d‘Land gelooss.
Déi israeelesch Immigratioun huet dat doduerch begrënnt, datt déi brittesch Deputéiert Haassriede géint Israel hätte wëlle verbreeden.
De britteschen Ausseminister David Lammy huet de Refus fir d‘Arees inakzeptabel genannt. Déi zwou Deputéiert wieren Deel vun enger parlamentarescher Delegatioun, Israel seet, si wieren net offiziell an Israel ugemellt gewiescht.
D‘Deputéiert selwer hu sech erstaunt iwwert de Refus vun der Arees gewisen a betount, et wier essentiel, datt Deputéiert d‘Situatioun an deene vun Israel besate palestinensesche Gebidder op der Plaz kënnen observéieren.
Déi zwou Deputéiert hunn an der Vergaangenheet am brittesche Parlament betount, datt Israel sech am Krich an der Gazasträif un international Rechter misst halen.