Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jamiroquai - Seven Days In Sunny June

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Afferzuel an der Gazasträif soll bei iwwer 9.000 leien

Aktuelles aus dem Noen Osten

D'Afferzuel an der Gazasträif soll bei iwwer 9.000 leien

Iwwer 9.200 Mënsche wiere bis ewell an der Gazasträif duerch israeelesch Bombardementer ëm d‘Liewe komm. Dat huet déi palestinensesch Gesondheetsautoritéit, déi vun der Hamas kontrolléiert gëtt, haut gemellt.

auto_stories

3 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Déi israeelesch Arméi seet iwwerdeems, si hätt d‘Stad Gaza komplett ëmzéngelt. D‘Haapt-Kommado-Zentrale vun der terroristescher Organisatioun Hamas wieren zu Gaza, sou een israeelesche Militärspriecher.

Déi israeelesch Buedemtruppe wieren op e puer Plazen an der Gazasträif a Kämpf verwéckelt. Et géif ee sech drop konzentréieren, d‘Hamas ze zerstéieren. Zivil Affer sollen esou wäit ewéi méiglech evitéiert ginn, sou Israel.

D‘Stad Gaza läit am Norde vun der palestinensescher Gazasträif. Schätzungen no liewen do 750.000 Leit. Israel hat d‘Awunner e puer Mol opgeruff, d‘Gebitt a Richtung Süden ze verloossen.

Israel hat d‘Attacke lancéiert nodeems Terroriste vun der Hamas de 7. Oktober 1.400 Leit an Israel ermort an 240 Geisel entféiert haten. An der Gazasträif sinn der Hamas no bis elo iwwer 9.000 Leit ëm d‘Liewe komm.

Hisbollah mat Loftattacken

D‘Situatioun un der israeelescher Grenz mam Libanon huet sech zougespëtzt. Déi libaneesesch Miliz Hisbollah huet gëschter 19 Attacken aus der Loft op israeelesch Positioune lancéiert. Israel huet mat enger staarker Géigenattack reagéiert. Dobäi wiere véier Leit am Libanon ëm d‘Liewe komm, esou déi libaneesesch Informatiouns-Agence.

De Chef vun der Hisbollah soll sech haut an enger Ried iwwer de Krich am Noen Osten äusseren. Déi pro-iranesch Hisbollah ass mat der palestinensescher Hamas alliéiert a gëllt an den USA an aner westleche Länner als terroristesch Organisatioun.

Antony Blinken fir eng weider Visitt an Israel

Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken ass um Freideg Moie fir eng weider Visitt an Israel ukomm. Am Virfeld hat d‘Wäisst Haus mat gedeelt, den Ausseminister géif am Gespréich mam israeelesche Premier Benjamin Netanjahu konkret Schrëtt vun Israel fuerderen, fir zivil Affer an der palestinensescher Gazasträif op e Minimum ze reduzéieren. U Bord vum Fliger souz och den neien US-Ambassadeur fir Israel. Den Jack Lew war Finanzminister ënnert dem Barack Obama a gëllt als erfuerenen Negociateur. Den Antony Blinken soll den Owend weider a Jordanien reesen. 

Palestinensesch Aarbechter an Israel ginn zeréckgeschéckt

Israel huet dann och ugefaangen dausende palestinensesch Aarbechter zeréck an d‘Gazasträif ze schécken, déi zanter dem Ufank vum Krich de 7. Oktober op israeeleschem Territoire blockéiert waren. Eng 18.500 Persounen aus der Gazasträif haten eng Erlabnis fir an Israel ze schaffen.

Béid Säite bombardéieren sech weiderhin. No 12 Stonne Paus goufen et de Moien nees Rakéitenattacken aus der Gazasträif op Israel. Déi israeelesch Arméi sot hirersäits gëschter Owend, si hätte bei Kämpf weider Membere vun der Hamas ëmbruecht.

Déi humanitär Noutlag an der Gazasträif an am besate Westjordanland gëtt ëmmer méi akut: D‘Vereenten Natiounen hunn de Moien ee Besoin no Hëllef bis d‘Enn vum Joer op 1,2 Milliarden Dollar chiffréiert. No hirem Appell vum 12. Oktober wieren awer bis ewell bei wäitem net genuch Fongen zesummekomm.