Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Arméi dréngt bis an den Zentrum vun der Stad Gaza an

Aktuell Situatioun am Noen Osten

Israeelesch Arméi dréngt bis an den Zentrum vun der Stad Gaza an

Déi israeelesch Arméi ass eegenen Aussoen no bis an den Zentrum vun der Stad Gaza komm. Dat wier eng nei Phas am Kampf géint d‘Hamas, esou e Spriecher. Israeelesch Zaldote wiere vun zwou Säite bis déif an d‘Stad erakomm, si géifen do staarken Drock op d‘Hamas maachen.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Motasem Mortaja
(Foto: picture alliance/dpa | Motasem Mortaja)

D‘Hamas huet hirersäits nees Rakéiten op Israel geschoss. Och de Raum ronderëm Groussstad Tel Aviv war viséiert. Éischten Erkenntnisser no gouf kee Mënsch blesséiert.

D‘USA hu sech géint eng weider laangfristeg Besetzung vun der Gazasträif duerch Israel ausgeschwat. D‘Gazasträif wier palestinensescht Land a géif dat och bleiwen, esou e Spriecher vum Ausseministère zu Washington.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hat gesot, Israel géif nom Krich d‘Responsabilitéit fir d‘Sécherheet an der Gazasträif iwwerhuelen.

Israel huet de Moien och rëm eng weider Zäitfënster ginn, fir datt Zivilisten aus dem Norde vun der Gazasträif kënne flüchten. D‘Arméi huet eng Kaart iwwer X publizéiert mat der eng Strooss, iwwer déi d‘Leit vun 10 bis eng Auer eiser Zäit an de Süde kënne fortlafen.

D‘Ziviliste ginn opgeruff, sech am Süden a Sécherheet ze bréngen, well d‘Kämpf an d‘Bombardementer am Norde vun der Gazasträif am Stäerkste sinn.