search

/ Isabel Wiseler-Lima: Walausgank an Ungarn wier ee "grousst Hoffnungszeechen"

No de Walen an Ungarn

|
reading time

2 min

Isabel Wiseler-Lima: Walausgank an Ungarn wier ee "grousst Hoffnungszeechen"

Reforme bréichten Zäit, esou d'CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima am 100,7-Interview am Kontext vun de Walen an Ungarn. Nom Verloscht vun demokratesche Strukture wier et schwéier, dës séier nees opzebauen.

reading time

2 min

D'Isabel Wiseler-Lima | © European Union
D'Isabel Wiseler-Lima (Foto: European Union)

Eng zentral Roll géif der EU-Deputéiert no dobäi d’Rechtsstaatlechkeet spillen. Fir blockéiert EU-Gelder – ronn 17 Milliarden Euro – fräizesetzen, misst Ungarn virun allem géint Korruptioun virgoen, Interessekonflikter léisen an d’Onofhängegkeet vun der Justiz stäerken.

D'EU kéint Experten zur Verfügung stellen 

D’Europäesch Unioun kéint dëse Reformprozess och aktiv ënnerstëtzen – mat Expertisen, finanzieller Hëllef a politescher Begleedung, erkläert d’Isabel Wiseler-Lima. 

"Et ass wierklech esou, datt een awer och vu Pole ka léieren. Et geet warscheinlech net esou séier, wéi e wëllt. Mee ech denken, datt se wierklech kënne virukommen." 

Um Niveau vun der EU hätt een Experten, déi hinne kéinten zu Verfügung gestallt ginn. 

"Fir déi Justizreformen, déi musse gemaach ginn, fir d'Verwaltungsmoderniséierung a wierklech och e ganze Koup vu Saachen, déi se kënnen als Hëllef kréien. A wann et ëm d'Reforme geet, fir déi duerchzesetzen, kënne si och bei der Berodung finanzéiert gi vun der EU."

No der Parlamentswal an Ungarn hofft d’EU-Deputéiert Isabel Wiseler-Lima weider op en Trend zeréck an d’politesch Mëtt an Europa.

Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Europadeputéiert