arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Piraten-Deputéierte Marc Goergen mengt, hanner de Sanktioune wier "vill Politik"

Politik

|
reading time

2 min

Piraten-Deputéierte Marc Goergen mengt, hanner de Sanktioune wier "vill Politik"

De Sven Clement an de Marc Goergen hätte Suen, déi fir hir parlamentaresch Aarbecht geduecht waren, net dofir benotzt, geet aus engem Spezialrapport vun der Cour des Comptes ervir. Fir de Marc Goergen stécht do "vill Politik" dohannert.

reading time

2 min

Dem Sven Clement seng parlamentaresch Indemnitéit gëtt ëm ee Véierel fir e Mount gekierzt. Iwwerdeems däerf hie fir ee Mount u kenger Chamber-Delegatioun deelhuelen.

Fir de Marc Goergen gëtt et nieft engem Blâme och eng Kierzung vu senge Chamber-Indemnitéiten ëm een Drëttel fir zwee Méint. 

Déi Sanktiounen huet de Chamberpresident Claude Wiseler an der Chambersessioun annoncéiert. 

"Muss ee sech mat der eegener Nues huelen"

Am 100,7-Interview gëtt den Deputéierte Marc Goergen zou, datt si selwer net virbildlech gehandelt hätten. 

"Mir triede jo gären op als déi, wou alles kritiséieren an deenen anere gäre soen, wéi si et solle richteg maachen. Dobäi hu mir et selwer net virbildlech gemaach. Do muss ee sech scho mat der eegener Nues huelen."

Vill Leit hätte si kontaktéiert a matgedeelt, datt si trotzdeem weiderhin d'Pirate wiele géifen, huet de Marc Goergen behaapt. 

"Am Contraire: Datt si verstanen hunn, datt do ganz vill Politik derhannert ass an datt natierlech deenen aner Parteien och geleeën ass, fir eis kleng gehalen." 

Finanziell Irregularitéiten

An engem Spezialrapport vum Rechnungshaff iwwer d'finanziell Situatioun vun de Piraten wärend der Legislaturperiod vun 2018-2023 goufen am Februar 2026 Irregularitéite festgestallt. Doropshin huet d'Chamber d'Faite beim Parquet denoncéiert an de consultative Comité iwwer d'Verhale vun den Deputéiert saiséiert.  

Dee Comité huet Recommandatiounen ausgeschafft. D'Sanktiounen huet d'Conférence des Présidents (Fraktiouns- a Sensibilitéitscheffen) doropshi beschloss. 

Zu méiglechen Konsequenzen hat de Sven Clement sech nach virun zwou Wochen am 100,7-Interview geäussert.

Liest hei d'Stellungnam vun der Chamber.