Den Ausbau vun den erneierbaren Energië grad ewéi d’E-Mobilitéit hätten elo Prioritéit. De Leasing Social, deen d’CSV-DP-Regierung op den 1. Januar wëllt aféieren, géif de Leit mat engem méi nidderegem Revenu hëllefen op d’E-Mobilitéit ëmzeklammen.
Klimaschutz ass net just beim Verkéier
Doriwwer eraus misst een och weider an d’Isolatioun vun de Gebaier investéieren, fënnt d’Carole Hartmann.
"Bei der energeetescher Sanéierung vun eelere Gebaier, a besonnesch vun Appartementsgebaier, musse mir méi séier virukommen. Et gëtt schonn Ënnerstëtzung, mee esou Renovatioune bleiwen dacks deier, se bleiwe komplex a se bleiwe laangwiereg."
Dofir wéilt een als DP iwwer finanziell a steierlech Ureizer diskutéieren, fir méi Investitiounen an d'Isolatioun an d'Energieeffizienz ze erméiglechen. Dat géif den Energieverbrauch reduzéieren an zousätzlech Aarbecht fir d' Handwierksbetriber ginn, esou nach d'Carole Hartmann.
Eng weider Prioritéit fir déi nächst Méint wier de Kampf géint d’Logementskris, esou nach d’DP.