Radioen

On air

9 bis 1  |  Lenny Kravitz - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iranesch Friddensnobelpräisdréierin am Hongerstreik

Narges Mohammadi

Iranesch Friddensnobelpräisdréierin am Hongerstreik

Déi iranesch Militantin Narges Mohammadi, déi dëst Joer de Friddensnobelpräis gewonnen huet, huet am Prisong een Hongerstreik ugefaangen.

auto_stories

1 min

Domat wéilt si géint di schlecht Konditioune vun de Fraen am Prisong, besonnesch wat medezinesch Soinen ugeet, protestéieren, an och dogéint, datt Frae gezwonge ginn, am Prisong ee Voile unzedoen.

Déi 51 Joer al Negres Mohammadi sëtzt zanter 2021 zu Teheran am Prisong. Si misst dringend an d‘Klinik kommen, well si Häerzprobleemer huet, mee si géif all medezinesch Behandlunge verweigert kréien, sou op hiren Instagram-Account ze liesen.