arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iran a Russland schécke Krichsschëffer a strategesch wichtege Golf vum Oman

Atom-Accord

|
headphones

1 min

Iran a Russland schécke Krichsschëffer a strategesch wichtege Golf vum Oman

Un dësem Manöver wieren och d‘Iranesch Revolutiounsgarde bedeelegt. D‘USA haten ëmmer nees mat engem militäreschen Asaz gedreet, wann den Iran säin Atomwaffeprogramm net géif reduzéieren. Den Iran huet am Kader vun de Gespréicher mat den USA säi Recht verdeedegt Uran unzeräicheren.

headphones

1 min

Dës Woch hat eng zweet Ronn vun indirekte Gespréicher tëschent den USA an dem Iran stattfonnt. D‘USA fuerderen, datt den Iran säin Atomprogramm reduzéiert. Den Iran fuerdert am Géigenzuch, datt d'Sanktioune géint den Iran opgehuewe ginn. Bis elo gouf keen Accord fonnt, béid Länner wëllen d‘Verhandlunge viruféieren.

USA sinn 2018 aus Atom-Accord mam Iran ausgetrueden

Den Donald Trump war am Joer 2018 aus dem JCPOA, dem Joint Comprehensive Plan of Action, mam Iran ausgetrueden. D'Nuklearofkommes war am Joer 2015 zu Wien tëschent Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, den USA, Russland, China an dem Iran ënnerschriwwe ginn. Am Accord war festgehalen, datt den Iran keen Uran uräichert fir Atomwaffen ze bauen. Am Géigenzuch haten déi aner Länner d'Sanktioune géint den iranesche Staat opgehuewen.

Der internationaler Organisatioun fir Atomenergie IAEA no, déi d'Opsicht am Iran hat, huet de schiitesche Staat sech bis an d'Joer 2019 un déi festgeluechte Limitatioun aus dem JCPOA-Accord gehalen.