Op der Staatstëlee si Mënschemassen ze gesinn, mat iraneschen a palestinensesche Fändelen.
Ulass ass de 44. Joresdag vum Stuerm op déi US-amerikanesch Ambassade. Studenten haten d‘Gebai deemools besat an 53 Amerikaner 444 Deeg laang als Geisele gehalen. Déi reliéis Staatsféierung hat d‘Ambassade deemools als Spionage-Nascht bezeechent. D‘USA gëlle bis haut als Äerzfeind vun Teheran.