D’Presidentin vun der Associatioun vun de festagestallte Spidolsdoktere seet, si wier zwar dofir, datt een d’Spideeler entlaascht, mee:
“Wann een all déi méi liicht Examen an den ambulante Beräich bréngt, wou een dann den Dag iwwer vill IRMen ka maachen, an déi méi komplizéiert IRMen, déi natierlech vill méi laang daueren, a méi spezialiséiert sinn an de Spideeler léisst, an dat och nach fir dee selwechten Tariff – dat kann net opgoen. Dat ass dann e bëssen d’Kiischte vum kuch an den ambulante Beräich bréngen.”
Dofir misst een oppassen, datt de Finanzement vun de Spideeler weider garantéiert bleift, wa méi Behandlungen an ambulante Strukture gemaach ginn, sou d’Monique Reiff.
Zesummenaarbecht mat der AMMD gutt, mee ënnerschiddlech Meenungen
Déi festagestallte Spidolsdoktere gesinn de Virage ambulatoire domat méi kritesch ewéi d’Dokteschassociatioun AMMD. Den Austausch tëscht beiden Associatioune géif awer trotzdem gutt lafen, esou d’Monique Reiff. Et hätt een natierlech net déi selwecht Iddien, mee dat géif d'Zesummenaarbecht och intressant maachen.
"Eng gewëss Diskussiouns- a Sträitkultur ass mengen ech ganz wichteg, well béid Volete si wichteg ze vertrieden et ass sécher net just eng Positioun, déi richteg ass.”
D’Monique Reiff vun de festagestallten Spidolsdokteren war de Moien eis Invité vum Dag. De ganzen Interview fann dir op 100komma7.lu.