Radioen

On air

9 bis 1  |  Blondie - Atomic

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gestion locative sociale: Och Virdeeler fir d'Proprietären

Logement

Gestion locative sociale: Och Virdeeler fir d'Proprietären

Zu Lëtzebuerg ginn et schätzungsweis 10.000 bis 20.000 Wunnengen, déi eidel stinn. Deemno gëtt et nach grousst Potential, fir déi net um normale Marché, mee iwwer d‘Gestion locative sociale ze verlounen. Dat seet de Gilles Hempel, Direkter vun der Fondation pour l'Accès au Logement.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Bei der Gestion locative sociale wier de Loyer manner héich. Dat erméiglecht et de Beneficiairen sech iwwerhaapt eng Wunneng an der Locatioun leeschten ze kënnen. Iwwerdeems hätt dëst och Virdeeler fir d‘Proprietären.

"Déi Proprietären, déi mat eis zesummeschaffen, do ass de Loyer elo net déi éischt Motivatioun, well si loossen d'Wunneng jo anerwäerts eidel stoen. Dat heescht, een deen e Marchésloyer wëll, dee geet op den éischte Marché, an dat ass och gutt."

Proprietären, déi mat der Fondation pour l'Accès au Logement zesummeschaffen, wieren zefridden, seet de Gilles Hempel. De Virdeel wier och deen, datt een do ass dee sech ëm d'Wunneng këmmert.

Konventioune mat 57 Gemenge

Eng 1.300 Wunnenge géifen aktuell iwwert d‘Gestion locative sociale zu manner héije Loyere verlount ginn. Zanter 5 Joer baut d’Fondatioun iwwert de Service Habitatio och eege Wunnenge fir zu abordabele Präisser kënnen ze verlounen. 50 Unitéite wieren elo fäerdeg, 50 Weiderer sinn am Bau. Dat wier och dee Rhythmus, op deen ee pro Joer komme wéilt, erkläert de Gilles Hempel.

"Mir sinn natierlech do ugewisen, Terrainen ze kréien, sief et vun de Gemengen, sief et vum Staat. Oder mir kafen och alt mol en Terrain, wa mir en zu engem Präis kréien, dee raisonnabel ass. Awer mir sinn do wierklech bienvenue bei de Gemengen. 

Mat 57 Gemengen, also méi wéi d'Hallschent, wier ee scho konventionéiert.