Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
search

/ Amber: Biergerinitiativ weist sech liicht optimistesch

Héichspannungsleitung

Amber: Biergerinitiativ weist sech liicht optimistesch

Zu Amber bei Jonglënster wieren d’Bierger sech weider géint eng geplangt Héichspannungsleitung. Et wier een awer mëttlerweil virsiichteg optimistesch, datt d’Leitung um Enn net direkt laanscht d’Haiser zu Amber verleeft, seet de Spriecher vun der Biergerinitiativ 380 KV. Sollt dësen Tracé awer zréckbehale ginn, da wéilt ee sech weider dogéint wieren.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

Claude Berg | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

D’Biergerinitiativ Amber 380 KV wiert sech dogéint, datt eng nei Héichspannungsleitung ganz no laanscht hir Haiser leeft. Wou déi Leitung wäert gebaut ginn ass nach net gewosst. Et gi verschidde Varianten. Am Oktober soll de Wirtschaftsminister annoncéieren, wéi eng Variant wäert realiséiert ginn. 

De Claude Berg, Spriecher a Matgrënner vun der Biergerinitiativ Amber 380 KV, huet am 100,7-Interview iwwert déi gesondheetlech Risike geschwat, am Fall wou d‘Héichspannungsleitung laanscht Amber an der Gemeng Jonglënster géif verlafen.

Déi Leitung wier dann zum Deel nëmmen 100 Meter oder manner vun Haiser ewech, an déi gréisst Suerge géif ee sech iwwert déi elektromagnéitesch Stralung maachen, esou de Claude Berg.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit