Ganzer 54 Departementer hat Météo France gëschter wéinst Stuerm a Schnéi ënnert d’Warnstuf Orange gestallt, déi zweethéchsten a Frankräich. Plazeweis waren 20 Zentimeter Schnéi gefall.
Och haut um Freideg kéinten nach eng 31 Departementer orange bleiwen, well de ville Schnéi opgrond vun de Minustemperaturen iwwer Nuecht gefruer an zu Glatäis ginn ass.
Pertubatioune beim Fluch- an Zuchverkéier
Besonnesch am Weste vum Land war den Zuchverkéier staark perturbéiert. TGVen hate bis zu 4 Stonne Retard. Och de Loftverkéier war vum Schnéi staark betraff: Eng 120 Air France Flich goufen annuléiert. Dat virun allem zu Paräis.
De Stroumversuerger Enedis hat gemellt, datt zäiteweis eng 270.000 Stéit an der Normandie, Loire a Bretagne ouni Stroum waren. Wéinst dem staarke Wand, dee plazeweis Spëtze vun 120 km/h erreecht huet ass a verschiddenen Departementer d’Schoul ausgefall. Och haut wäert et an der Normandie an e puer aneren Departementer moies kee Schoultransport ginn.
Zu Nantes gouf iwwerdeems gëschter eng Persoun schwéier blesséiert, wéi e Bam op hiren Auto gefall ass. D’Klima an Energieministesch Agnès Pannier-Runacher sot géigeniwwer BFMTV, et misst een och haut um Freideg nach virsichteg bleiwen an et kéint op ville Plazen zu Problemer am Verkéier kommen, besonnesch ronderëm d’Atlantikküst an an den Alpen.