Radioen

On air

De Weekend  |  Lara Grogan - 3 AM - Lara Grogan

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ EU-Parlament: D’ADR schléisst Zesummenaarbecht mat der AfD net aus

Politik

EU-Parlament: D’ADR schléisst Zesummenaarbecht mat der AfD net aus

D’ADR schléisst net aus am Europaparlament mat der AfD zesummen ze schaffen. Den ADR-Kandidat Alex Penning seet, wa seng Partei en Europadeputéierte kritt, géif deen zur Fraktioun vun de Konservativen a Reformer (ECR) gehéieren, an där am Moment zum Beispill och d’Vertrieder vun der Partei vun der italieenescher Premierministesch Giorgia Meloni setzen.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
(Foto: Chris Zeien)

Och eng Zesummenaarbecht vu senger Partei mat der däitscher AfD an dem franséische Rassemblement national huet den Alex Penning net ausgeschloss.

Et wier net un him, fir déi Decisioun ze huelen a souwisou géif sech déi Fro am Moment net stellen. D‘Partei géif sech „de Moment venu“ an eréischt no den Europawalen an där Fro positionnéieren.

"Grouss Satisfaktioun", datt d'CSV vill ADR-Positioune kopéiert

D’ADR begréisst d’Sécherheetspolitik vun der neier CSV-DP-Regierung. Virun allem d’CSV hätt an de leschte Méint eng Rei Iddië vu senger Partei “kopéiert”, esou den ADR-Politiker Alex Penning. Hien hätt awer keng Angscht, datt d’ADR doduerch kéint Wieler verléieren.

„Ech empfannen dat als immens grouss Satisfaktioun, mee Original ass ëmmer besser ewéi d’Kopie.“

Fir Sëtz am Europaparlament: ADR-Mandatairë géife Posten zeréckginn

Den Alex Penning gëtt e Freideg als neie Member vum Staatsrot vereedegt, gläichzäiteg kandidéiert hien awer och fir d’ADR bei den Europawalen. Wann hien do géif gewielt ginn, géif hien och nees aus dem Staatsrot austrieden, fir an d’Europaparlament ze goen, esou den Alex Penning. An och all déi aner Kandidaten op der ADR-Lëscht wiere bereet hir aktuell Posten opzeginn, fir op Stroossbuerg ze goen.

Lauschterenplay_arrow