D'Resultat vun die Linke aus Däitschland géif weisen, datt déi klassesch Sujete wéi Loyeren an Energiepräisser Erfolleg kënnen hunn, wann ee si an de Fokus setzt, seet d'Carole Thoma.
Brauch ee populär Gesiichter?
Die Linke huet sech am Laf vum leschte Joer, nom Ofgang vum Bündnis Sarah Wagenknecht, ganz nei opgebaut.
“Also ech menge schonn, datt bei die Linke immens vill kleng Mosaiksteng zesummekomm sinn.”
Si wieren iwwerdeems ganz aktiv op de sozialen Netzwierker gewiescht an awer och aktiv um Terrain bei de Leit. Och d'Enttäuschung iwwer d'Ampel hätt hinnen an d'Kaarte gespillt. Doriwwer eraus wier et en immens rietse Walkampf gewiescht, wou net nëmmen Unioun an FDP op den Zuch vun der AfD gespronge wieren, mee esouguer d'SPD. An deem Kontext hätten die Linke ganz konkret kënne weisen, datt si déi Partei géint Riets sinn.
Die Linke wieren net op d'Sécherheetsfroen am Zesummenhang mat Migratioun agaangen, mee si hätten déi wierklech sozial Problemer vun de Leit ugeschwat. An du wier dee grousse Moment vun der Heidi Reichinnek koum, mat hirer Ried am Bundestag, dee Moment, an deem de Friedrich Merz d'Brandmauer agerappt hätt. Dat wier ee vun de erfollegräichsten TikTok-Videoen aus der ganzer Walcampagne ginn, esou d'Carole Thoma.
En Taylor-Swift-Walkampf
Die Linke hätt souwuel op déi al Huesen aus der Partei gesat, wéi de Gregor Gysi, mee och op jonk an nei Gesiichter wéi eben d’Heidi Reichinnek. Et wier e Walkampf gewiescht deen un d'Taylor Swift erënnert, mat der Ambiance an de Frëndschaftsbänner.
Gläichzäiteg hätten die Linke gewisen, datt si d’Sujeten och wéilten ëmsetzen. Sou hu si zum Beispill bei der Diskussioun iwwert e Mietendeckel gläichzäiteg eng App entwéckelt, op där ee kontrolléiere kann, ob den eegene Loyer illegal ze héich ass.
Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg bei déi Lénk aus?
déi Lénk wéilten elo d'Zäit notze fir eng grëndlech Analys ze maachen an un hirer Strategie ze schaffen. Bei de leschte Wale wiere Feeler gemaach ginn, awer och dat misst een am Kontext vum Zäitgeescht kucken.
An Zukunft wéilten déi Lénk och méi Campagnen op Social Media setzen, mee et hätt een natierlech net déi Personalméiglechkeete wéi die Linke. Fir hir Partei géif et wichteg bleiwen, datt d'Formater op de Soziale Medien ëmmer mat konkrete Sujete verbonne sinn. Et géif net dorëms goen en TikTok-Danz nozemaachen, esou d'Carole Thoma am 100,7-Interview.
“Et geet schonn ëm Sujeten, och deene Jonken op Social Media geet et ëm Sujeten. A mir wäerten do kloer kommunizéieren an eebe just déi verschidde Messagen zirculéieren, mee et geet net ëm e Putin um Rosa Päerd, mee ëm Inhalter.”
déi Lénk sti weiderhi lénks vun de Sozialdemokraten a lénks vun déi gréng, betount d'Carole Thoma. Et wier awer nach Loft no uewen, well vill vun de Sujete vun déi Lénk wiere fir vill méi Leit, wéi déi, déi se matkréien. Dofir wéilt een an Zukunft d'Leit vill méi konkret abannen, datt d'Sujete méi Mënschen erreechen.
Ee Beispill dofir wier zum Beispill eng nei Petitioun vun déi Lénk, an där et drëm geet d'Recht op Ofdreiwung an der Verfassung ze verankeren. Esou wéilt een eng gesellschaftlech Debatt lancéieren an esou och de politeschen Drock erhéijen.