Radioen

On air

Tockcity  |  Faux Real - Full Circle

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ President vum Staatsrot: Nominatiounsprozedur ass "absolutt an der Rei"

No der Kritik vun der LSAP

President vum Staatsrot: Nominatiounsprozedur ass "absolutt an der Rei"

De President vum Staatsrot gesäit kee Grond, d‘Prozedur fir d‘Nominatioun vun neie Memberen ze änneren, trotz der rezenter Kritik vun der LSAP. Dat sot de Marc Thewes am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

D‘LSAP hat rezent Kritik geäussert, well net de Max Leners vun der LSAP, mee dee parteilose Georges Kohn an de Staatsrot gewielt gouf fir de Christophe Schiltz vun der LSAP ze ersetzen. 

Marc Thewes: Staatsrot ass keng zweet Kammer

D‘LSAP huet dat kritiséiert, well et zënter laangem eng Ofmaachung géif ginn, datt déi politesch Parteien equilibréiert am Staatsrot solle vertruede sinn.

De President Marc Thewes sot, hie kéint der LSAP hir Roserei verstoen, mee de Staatsrot wier entpolitiséiert an e berodend Organ.

"De Staatsrot ass keng zweet Kammer. De Staatsrot ass e berodend Organ. Dat berodend Organ ersetzt an engem gewëssenen Ausmooss eng zweet Chamber, well een Hin an Hier tëschent der Chamber an dem Staatsrot stattfënnt, wou en Avis gemaach gëtt."

Politesch Krittäre spille keng Roll

Innerhalb vum Staatsrot fannen d'Debatten an d'Diskussiounen "absolument net no politesche Krittäre statt", betount de Marc Thewes. Do géing et och keng Majoritéiten a Minoritéiten oder Oppositioune ginn.

D'Avise géingen dofir och bal ëmmer à l'unanimité vun all de Memberen ugeholl ginn, seet de Marc Thewes.

"Well mir eis laang Gedanken driwwer gemaach hunn an dat wat do steet all Mënsch senger Meenung entsprécht, egal aus wéi enger Partei een ursprénglech kënnt oder egal wéi eng Partei et ursprénglech proposéiert huet, well et ass nämlech och net esou, datt all d'Membere vum Staatsrot eng Parteikaart hunn."

Als Staatsrot géing ee fannen, datt déi Procureure, sou wéi se elo ass, "absolutt an der Rei ass". Déi Meenung vertrëtt och hire President.

"Déi huet sech wäit iwwert een halleft Joerhonnert bewisen. Et ass näischt elo ze änneren."