Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ Wéi organiséiert een eng Walcampagne?

Den Hallwer Néng

Wéi organiséiert een eng Walcampagne?

No den Europawalen ass d‘Superwaljoer eriwwer. Dräi Walcampagnë gouf et bannent de leschten 12 Méint fir d‘Parteien ze organiséieren an ze geréieren. E Bléck hannert d‘Kulisse vun enger Walcampagne.

auto_stories

2 min

headphones

23 min

Francoise Kemp Claude Lamberty | © Jo Diseviscourt play_arrow
Francoise Kemp Claude Lamberty (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Françoise Kemp, Co-Generalsekretärin vun der CSV, an de Claude Lamberty, Vize-President vun der DP, si fir d’Organisatioun vun der Europawalcampagne bei hire respektive Parteien zoustänneg. De Gros vun der Aarbecht ass elo gemaach. D’Particularitéit vun dëser Campagne war déi, datt se opgebaut huet op déi zwou Campagnë vun zejoert, de Gemengewalen an de Chamberwalen. Net wat den Inhalt ubelaangt, mee a Saache graphesch Opbereedung.

Do ass bei béide Parteien de Stil vun den zwee Walkämpf d‘lescht Joer iwwerholl ginn. Dat huet een un den Affiche laanscht d’Stroossen, un de Flyeren an der Bréifkëscht an de Reklammen Online gesinn.

Den Europäeschen Touch

Trotz Ähnlechkeeten hunn d‘Parteie verschidden Elementer fir d‘Europawalen ugepasst, wéi de Claude Lamberty erkläert. De "gielen Touch", deen op de Plakater ze gesinn ass, ass dat selwecht Giel wéi dat vun den Europastären.

Och bei der CSV wollt een den Accent op Europa setzen. Natierlech dierfen och do d‘Europastären net feelen. D‘Françoise Kemp erkläert, datt och d‘Kandidaten hir Meenung zu de Propose fir d‘Plakater konnte ginn. "D‘Kandidate si jo och déi, déi et verkierpere mussen."

Et geet bei de Walcampagnen natierlech net duer, e Plakat ze entwerfen. Et gëtt Walversammlungen ze organiséieren. D’Kandidate mussen op Table-rondë goen, fir hir Iddien ze vertrieden an ënnert d’Leit ze kréien, a fir mat de Wielerinnen a Wieler an d’Gespréich ze kommen. Och do stécht Organisatioun a Koordinatioun derhannert.

Lauschterenplay_arrow