Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Riding For The Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Internationale Geriichtshaff: Wéi eng legal Verflichtungen hu Staaten am Klimawandel?

Expertis vu Richter:innen

Internationale Geriichtshaff: Wéi eng legal Verflichtungen hu Staaten am Klimawandel?

Um Internationale Geriichtshaff zu Den Haag fänken haut ausféierlech Auditiounen iwwer de Klimaschutz un. Am ganze 15 Riichter:inne sollen eng Expertis ausschaffen, déi kläre soll, wéi wäit Staate legal dozou verflicht sinn, Klimaschutz ze bedreiwen an ob si fir Schied, déi duerch de Klimawandel virun allem an aarme Länner entstane sinn, haftbar gemaach kënne ginn. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / Zoonar | Nikolai Sorokin

Am Ganzen 98 Staaten an 12 Organisatioune wäerte bis Mëtt dës Mounts hir Argumenter virleeën. D'Initiativ fir dëse Fall kënnt vun der Inselgrupp Vanuatu, déi duerch de Klimawandel schwéier betraff ass a räich Länner fir Schied zur Rechenschaft zéie wëllt.

Obwuel déi geplangten Expertis rechtlech net bënnt, kéint si international Rechtsgeschicht schreiwen a Staaten dozou beweegen, méi géint de Klimawandel ze maachen.