Radioen

On air

Kultur um 5  |  Katy J Pearson - Save Me (Radio Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Internationale Strofgeriichtshaff erléisst Haftbefeel géint den Netanjahu an den Hamas-Leader

Noen Osten

Internationale Strofgeriichtshaff erléisst Haftbefeel géint den Netanjahu an den Hamas-Leader

Wéinst presuméierte Krichsverbriechen huet den Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag een Haftbefeel géint den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu a säin Ex-Verdeedegungsminister Joaw Galant verhaangen. Dat selwecht gëllt fir de Leader vun der Hamas, den Al-Masri.

auto_stories

3 min

© picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

Lëtzebuerg respektéiert d’Decisioun vum internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag en Haftbefeel auszeschwätzen, géint den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu a säin Ex-Verdeedegungsminister Joaw Gallant grad sou wéi fir de Leader vun der Hamas, al-Masr. 

Dat deelt den Ausseminister Xavier Bettel an enger schrëftlecher Äntwert Nofro vum radio 100,7 hi mat. Lëtzebuerg, als eent vun den 124 Staaten déi den Internationale Strofgeriichtshaff unerkennen, ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Onofhängegkeet vun dësem. Lëtzebuerg wäert Haftbefeeler, déi mat der Decisioun matkommen, applizéieren.

Wéinst presuméierte Krichsverbriechen huet den internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag een Haftbefeel géint déi dräi Männer ausgeschwat. Et géif a béide Fäll ëm Verbrieche géint d’Mënschlechkeet goen, heescht et als Erklärung vun Den Haag.

Net genuch Beweiser fir säin Doud: Haftbefeel och fir Hamas-Militärchef

Wéinst der Attack vun der Hamas de 7. Oktober zejoert kritt den Hamas-Militärchef Mohammed Deif Verbrieche géint d’Mënschlechkeet virgehäit – dat a Form vu Mord, Folter an nach Vergewaltegung. Dobäi sinn iwwer 1.200 Mënschen ëm d’Liewe komm an 250 Mënschen entféiert ginn. Et koum zu Vergewaltegungen a Folter. Déi israeelesch Arméi behaapt, datt de Mohammed Deif am Juli no Loftugrëffer vun Israel ëm d’Liewe komm ass. Ufank November huet d’Hamas dat och bestätegt.

Fir den internationale Strofgeriichtshaff gëtt et dofir awer nach keng Beweiser, an dofir wier den Haftbefeel trotzdeem geschwat ginn, ass d’Erklärung.

Israel schwätzt vun "absurdem" Haftbefeel

D’Riichter:innen zu Den Haag sinn zur Conclusioun komm, et géife genuch Beweiser dofir ginn, datt den israeelesche Premier an de Verdeedegungsminister bewosst dofir gesuergt huet, datt keng Liewensmëttel, Waasser a Medikamenter bei der Zivilbevëlkerung an der Gazasträif ukommen. Och dat ass, Den Haag no, e Verbrieche géint d’Mënschlechkeet.

Israel huet den Internationale Strofgeriichtshaff an enger éischter Reaktioun beschëllegt, all Legitimitéit verluer ze hunn an deenen, „absurden“ Haftbefeeler. Den israeelesche President Izchak Herzog huet op X geschriwwen, dëst wier en däischteren Dag fir d‘Mënschheet.

D‘Weltgeriicht hätt sech op d‘Säit vum Terror gestallt. Déi Decisioun wier skandaléis. Weider seet den Netanjahu, den Haftbefeel wier eng antisemittesch Decisioun, d‘Riichter:inne zu Den Haag wiere befaangen a vun Haass géint Israel gedriwwen.

Hamas schwätzt vu wichtegem historesche Präzedenzfall

D’Hamas bezeechent d’Entscheedung vum internationale Strofgeriichtshaff, den Haftbefeel géint den israelesche Premier Netanjahu an den Ex-Verdeedegungsminister, als ee wichtegen historesche Präzedenzfall.

Elo missten Ermëttlungen och géint déi aner Ministeren an Offizéier geféiert ginn, sou nach d’Hamas.

USA rejetéiert Haftbefeel géint Netanjahu a Gallant

An enger éischter Reaktioun seet d’EU, dës Haftbefeeler vum internationale Strofgeriichtshaff misste respektéiert an och applizéiert ginn – aus dem Wäissen Haus zu Washington koum déi contraire Reaktioun: et géif een deen Haftbefeel géint den israeelesche Premier a säin Ex-Minister kategoresch rejetéieren.

Den Internationale Strofgeriichtshaff huet selwer net d’Méiglechkeet den Haftbefeel duerchzeféieren. Déi 124 Memberstaate sinn elo awer derzou verflicht, den Netanjahu festzehuelen, sollt dee sech op hirem Territoire befannen. Och Lëtzebuerg ass Member. Israel sengersäits ass dem Statut de Rome ni bäigetrueden an erkennt domat den Internationale Geriichtshaff och net un.