An där Klo gëtt gefuerdert, datt een Opruff un Israel adresséiert gëtt, fir d’Attacke géint d’Palestinenser ze stoppen.
Südafrika huet präziséiert, datt d’Attacke géint d’Populatioun an der Gazasträif als Völkermordakten kënne bezeechent ginn, well se d’Zil hätten, d’Populatioun an deem Gebitt ze vernichten. Israel huet déi Accusatioune vu sech gewisen.
Humanitär Situatioun bleift desastréis
Déi humanitär Situatioun an der Gazasträif ass iwwerdeems weider desastréis. 85 Prozent vun den 2,4 Milliounen Awunner hunn hir Wunneng misste verloossen, seet d’UNO.
Déi Persounen hu sech am Süde vun der Gazasträif op engem ëmmer méi klengen Territoire versammelt, virun allem an der Regioun ëm Rafah, no bei der ägyptescher Grenz.
Déi humanitär Hëllef wier nach ëmmer limitéiert an et gi logistesch Barriäre fir se an d’Gazasträif eranzeloossen, esou de Philippe Lazzarini, General-Kommissär fir Agence fir palästinensesch Refugiéen.
USA: Nei Waffe fir Israel
Den US-Amerikaneschen Ausseministère huet ouni den Accord vum Kongress de Verkaf vu weidere Waffen un Israel accordéiert. Fir esou ee Verkaf muss de Kongress normalerweis gréng Luucht derfir ginn. D’USA kéinten Israel Waffen an Héicht vun 147 Milliounen Dollar iwwer dee Wee verkafen. Et géif do ëm national Sécherheetsintressie goen.