Radioen

On air

Mëttesrascht  |  All Tvvins - Thank You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Interessevertriedung Eran, eraus an elo, kritiséiert 10 Joer gréng Justizpolitik

Justiz

Interessevertriedung Eran, eraus an elo, kritiséiert 10 Joer gréng Justizpolitik

Eran, eraus an elo, d‘Interessevertriedung fir Prisonéier a ex-Prisonéier, kritiséiert 10 Joer gréng Justizpolitik. Mat Bléck op d‘Kriticke vum Europäesche Kommitee géint Folter, kéint een des Politik just als Echec bezeechnen.

auto_stories

1 min

Zwee reglements grand-ducaux vun 2018 déi ënner anerem d'Revenuë vun de Prisonéier betreffen, wiere bis haut net ëmgesat. Den Taux vun Untersuchunsgprisonéier wier mat 50 Prozent vill ze vill héich, donieft wieren d'Conditioune fir weiblech Prisonéier nach ëmmer ganz bedenklech. Heirobber hätt d‘Ombusfra Claudia Monti schonn an engem Rapport 2017 higewisen.

Leider wieren an de leschten 10 Joer kaum bis guer keng Fortschrëtter am Prisongswiesen ze notéiere gewiescht, sou nach d'Associatioun an hirem oppene Bréif.