Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Institutioune-Kommissioun: Elektronesche Vott fir Chamberwalen ee Projet vun CSV-DP

Chamber

Institutioune-Kommissioun: Elektronesche Vott fir Chamberwalen ee Projet vun CSV-DP

D’Moderniséierung vun den Institutiounen, d’Reform vum Staatsrot, an de Walsystem hei am Land waren Themen, déi an der parlamentarescher Institutioune-Kommissioun diskutéiert goufen. De Premier Luc Frieden huet d‘Deputéiert do iwwert de Volet Institutiounen am Koalitiounsprogramm informéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’CSV-DP Regierung wëll an de nächste Joren och un der Aféierung vum elektronesche Vott fir d ‘Chamberwale schaffen. En Datum, wéini den elektronesch Vott fir national Walen och zu Lëtzebuerg kéint agefouert ginn, gëtt et nach net. De Premier Luc Frieden seet, et wéilt een als éischt  mat elektronesche Votten an enger Walkabinn testen.

"Dat verlaangt natierlech nach vill Analys, wéi dat an aner Länner ka funktionéieren."

Bei der Oppositioun huet de Ben Polidori vun der Piratepartei, begréisst, datt d'Regierung an déi Richtung wéilt goen. 

Keng Reform vum Walsystem geplangt

Kritik gouf et awer vun der Piratepartei an anere Parteien, wat eng eventuell Reform vum Walsystem an de Walbezierker ugeet.

"Do krute mer einfach gesot, dass dat am Moment net virgesinn ass, wat ech awer e bësse Schued fannen."

Och d’ADR kritiséiert, datt nach ëmmer kéng Ännerungen ugeduecht wieren, wat d’Zuel vun Deputéierten an de Bezierker Osten a Norden ugeet, betount den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

"Datt eng Stëmm vun engem Lëtzebuerger Wieler am Osten oder am Norden net esou vill wäert ass, wéi eng Stëmm am Zentrum. Dat geet an eisen Aen absolut net, a leider huet den Här Frieden do keng Bereetschaft gewisen, nozebesseren."

déi gréng fir méi Biergerbedeelegung

Déi gréng Deputéiert Sam Tanson huet sech hirersäits enttäuscht gewisen, datt eng Motioun vun déi gréng fir méi Biergerparticipatioun, déi d’Regierungsparteien an der Chamber nach mat gestëmmt hätten, elo keen Theema méi wier.

"Well och wann d‘Chamber déi Institutioun ass, déi en fin de compte d‘Gesetzer stëmmt, ass et awer extrem wichteg, sech och modern Outilen ze ginn, an ze kucken, wéi een d‘Bierger méi am politesche Prozess ka bedeelegen."

Wat déi geplangte Reform vum Staatsrot ugeet, wëll d‘Regierung déi zesumme mam Parlament a mam Conseil d‘État an engem Trilog ugoen.

Lauschterenplay_arrow