Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Eisen Informatiounen no: Informatiounszougangsgesetz “um richtege Wee”

Presserecht

Eisen Informatiounen no: Informatiounszougangsgesetz “um richtege Wee”

De leschte Freideg hat de Luc Frieden eng Entrevue mam Presserot. Dat geet aus engem Facebook-Post vum Premier ervir. Bei deem Rendez-vous goung et ënner anerem ëm den Informatiounszougank, e Problem, op deen de Conseil de Presse ëmmer nees higewisen huet.

auto_stories

1 min

Op Nofro bei Verwaltungen a Ministèrë géif een nëmme sele bis guer net dat gewuer ginn, wat een un Informatioune bräicht, fir seng Aarbecht éierbar ze maachen, sou d’Kritik vun der Press. Eisen Informatiounen no wier een a Saachen Informatiounszougank “um richtege Wee”. De Luc Frieden hat op senger Neijoerschreceptioun am Januar ugekënnegt, bis Summer en Text wëlle virzeleeën, duerch deen den Informatiounszougang an d’Pressegesetz afléisse géif.