Radioen

On air

Notturno  |  Pauline Anna Strom - Quiet Joy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Infoowend zum Wollef: De Fall zu Dol ass besonnesch intressant

Natur- a Bëschverwaltung

Infoowend zum Wollef: De Fall zu Dol ass besonnesch intressant

Et gi fir den Ament keng Indicen, datt sech d’Wollefsweibchen, dat Enn d’lescht Joer am Raum Dol an der Gemeng Géisdref zwee Schof gerass huet, nach am Land ass. Dat seet de Laurent Schley vun der Natur- a Bëschverwaltung am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Laurent Schley | © Jo Diseviscourt play_arrow
Laurent Schley (Foto: Jo Diseviscourt)

Wéinst deem Virfall war gëschter um Dënschdegowend zu Dol een Infoowend zur Koexistenz vum Mënsch a vum Wollef. Ee vu mëttlerweil iwwer 25 esou Owender, zënter datt de Wollef 2017 fir d’éischte Kéier hei am Land nogewise gouf.

All Ruddel huet säi Revéier

Den Interessi ass also grouss. De Wollef huet sech nämlech iwwer déi lescht Jore ronderëm Lëtzebuerg erëm ugesidelt. Den Ament ginn et an der Groussregioun 4 Wollefsruddelen. Een hei vir an Däitschland a Rheinland-Pfalz an 3 an der Belsch am “Hohen Venn". do géif et zënter e puer Joer eng Reproduktioun ginn, esou de Laurent Schley.

"Et muss een zwar soen, dass et eng héich Mortalitéit och gëtt. Et si vill jonk Wëllef, déi fréi stierwen. Dat heescht, et muss een elo net mengen, datt dat elo esou exponentiell an d'Luucht géif goen."

Déi 4 Ruddele sinn dann och sesshaft an hirem Territoire. Als Ruddel wanderen d'Wëllef nämlech net, erkläert de Laurent Schley. 

"Si wanderen an hirem Revéier ronderëm, wat kann 200, 300 Quadratkilometer grouss sinn. Et kann och mol méi kleng sinn. Dat hänkt e bësse vun de lokale Gegeebenheeten of, dem Narungsangebot an och dem Liewensraum."

D'Wëllef hunn e fest Revéier, dat sech och net mat engem Revéier vun engem anere Ruddel iwwerschneit. 

"Si grenze sech och géigesäiteg aus, wat och dozou féiert, datt dat am Fong eng Aart natierleche Regulatiounsmechanismus ass."

Wollefsweibchen kéint sesshaft ginn

Lo ass et beim Virfall zu Dol déi éischte Kéier gewiescht, datt hei am Land ee Wollefsweibchen nogewise gouf. Et ass gewosst, datt et och aus engem Ruddel kënnt, mee engem aus Holland. Dëst Weibche kéint sech dann och zu Lëtzebuerg néierloossen, wann et hei op ee Männchen trëfft.

Si géife sech mat "zimmlecher Sécherheet" dee Moment als Koppel zesummendinn an dann och do sesshaft ginn an hiert Revéier etabléieren, erkläert de Laurent Schley. De Fall zu Dol wier awer besonnesch intressant.

"Et ass esou, dass méi Männercher ënnerwee sinn als Eenzeldéieren. A wann elo mol e Weibchen do ass, dann ass dat relativ intressant."

Den Aktiounsplang “Wollef” a Recommandatiounen, wéi ee sech verhale soll, wann een ee Wollef begéint, fënnt een op emwelt.lu

Lauschterenplay_arrow