D'LSAP-Deputéiert Georges Engel an Taina Bofferding wollten an enger dréngender parlamentarescher Fro Informatiounen zur Situatioun bei der Firma hunn, déi op d’Produktioun vun techneschen an industriellen Textilie spezialiséiert ass.
Gespréicher iwwer Erhalt vun den Aarbechtsplazen
Mat der Fermeture zu Stengefort kéinten 98 Leit hir Aarbechtsplaz verléieren. Den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz ass awer zouversiichtlech, datt et net esou wäit komme misst. D'Aarbechts- a Wirtschaftsministèren hätte Sëtzunge mat der Direktioun gehat a mat de Gewerkschaften, esou de Marc Spautz.
Et hätt een intervenéiert, fir e Plan de maintien dans l'emploi opzestellen. Elo géifen Direktioun a Gewerkschafte matenee schwätzen, an de Wirtschaftsministère an d'ADEM wieren amgaangen ze kucken, fir d'Leit an Aarbecht ze behalen.
Preretraite a weider Beschäftegung als Optiounen
E groussen Deel vun hinne wier iwwer 50 Joer, esou datt ee kucke géif, wien zum Beispill an d'Preretraite kéint goen. Dem Marc Spautz no huet Indorama nach Kontrakter fir e Joer, an et hätte sech och schonn éischt Firme gemellt, déi gär Leit iwwerhuele géifen. Fir den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles weist dës Nouvelle awer a wat fir engem Ëmfeld een ass.
“(...) datt d'Industrie zu Lëtzebuerg an a ganz Europa viru ganz groussen Defie steet - dat duerch Käschtenexplosiounen op verschiddene Punkten. An hei, mat der Fermeture vun deem Site: Et ass, op där enger Säit, well e ganz grousse Client ewechgefall ass, op där anerer Säit, well se Problemer mat den Zouliwwerer hunn.”
Och duerch d'Konkurrenz aus dem asiatesche Raum wier d'Firma net méi rentabel ze féieren, sot de Lex Delles, deem eng Delokalisatioun vun den Indorama-Aktivitéiten net bekannt ass.