arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kollektivcongé am Bausecteur fänkt haut un an dauert dräi Wochen

Aarbecht

|
reading time

1 min

De Kollektivcongé am Bausecteur fänkt haut un an dauert dräi Wochen

Bis den 23. August nach mat wäert den obligatoresche Congé am Bausecteur daueren. D'Gewerbeinspektioun ITM an d'Police maachen an den nächste Woche Kontrollen, gouf ugekënnegt.

reading time

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Schoening
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Schoening)

Fir 147 Chantiere goufen et dëst Joer Autorisatioune fir viru kënnen ze schaffen. Fir d’Entreprisen aus de Beräicher Sanitärinstallatiounen, Heizungen a Klimatiséierunge fänkt de Kollektivcongé eréischt e Méindeg un. Och dëse Congé dauert bis den 23. August mat.

De Bausecteur start mat Suergen an de Congé Collectif. Et feelt un Aarbechtskraaft an un Aktivitéit