Rekrutementer géifen ëmmer méi schwéier ginn, seet de Jean-Luc De Matteis, Zentralsekretär vum OGBL. Dowéinst wier ee vun de grousse Problemer am Secteur de Personalmangel.
"Mir hunn nach eng Situatioun, wou iwwer déi lescht Jore vill Leit a Pensioun gaange sinn, déi net ersat gi sinn. Mir hunn am Moment och eng Penurie de Main-d'oeuvre, wat d'Leit awer och ganz vill spieren. Firwat? Well si och ganz vill Iwwerstonne muss maachen, well vill Aarbecht awer do ass. Dat heescht, et ass e bëssen eng komplex Situatioun."
Allgemeng hätt de Secteur ee Problem mat der Attraktivitéit, wéinst nidderege Paien a schwieregen Aarbechtskonditiounen, zum Beispill elo an der Summerhëtzt.
Vertrauensverloschter an de Kaf vun Neibau wieren ze spieren
Et géingen och ëmmer méi Frontalieren ophalen op Lëtzebuerg schaffen ze kommen, esou nach de Jean-Luc De Matteis.
Problemer ginn et awer och weiderhi mat de Venten - an de Projeten, déi domat fir d’Entreprisen aus dem Secteur ufalen, esou de Jean-Luc De Matteis:
"Dat heescht, datt d'Leit, wa si eppes kafen, éischter eppes kafen, wat do steet, well dat huet ee jo och elo matkritt ronderëm a Sondagen, datt e Vertrauensverloscht do ass um Neibau. Dat heescht, d'Leit hunn Angscht eppes ze kafen um Plang."
Secteur, deen net KI-ofhängeg wier
De Roland Kuhn, President vun der Entrepreneursfederatioun, deelt eng Rei vun de Suerge vum Gewerkschaftler, ënnersträicht awer, datt de Secteur nach ëmmer attraktiv wier, och wéinst de staatlechen Investitiounen. An e géif eeben och berufflech Perspektive bidden.
"Et ass nach ëmmer flott am Bau ze schaffen. Ech mengen et realiséiert een eppes, et baut een eppes, et kann een eppes kucken. Ech mengen de Secteur ass nach ëmmer attraktiv. An de Secteur ass och net KI-ofhängeg."
Verschidde Chantiere wäerten awer och wärend dem Congé collectif weiderlafen, zum Beispill an de Schoulen.