Am 100,7-Interview sot hien, vill kleng Entreprisen – an déi maachen ëmmerhin dräi Véirel vun allen Entreprisen am Secteur aus – géife riskéieren ze verschwannen, respektiv vun de méi groussen Acteuren iwwerholl ze ginn. Am Moment wier d’Situatioun an der Branche déi hei:
"Bis elo hu mir mol de Carnet de commande geséchert bis Mäerz, Abrëll. Mir hunn nach Saachen an Negociatioun, a mir probéieren natierlech elo dat Lach, deem mir géigeniwwer stinn, wéi all Entrepreneur ze iwwerbrécken, an ze kucken nach Opträg eranzekréie fir 2024 ze fëllen."
De Paul Nathan huet awer zouginn, datt et vum zweeten Trimester u méi sauer kéint ginn.
Krise maache sech verzerrt bemierkbar
Den aktuelle Ralenstissement am Bausecteur zu Lëtzebuerg soll ënner anerem duerch déi vun der Regierung annoncéiert steierlech Avantagen nees relancéiert ginn. D‘Regierung mengt, datt doduerch nees méi wäert gebaut ginn. De Paul Nathan sot, hie géing mengen, dat géif net esou séier goen.
"Also do muss ech e bësse méi nuancéiert äntweren. Engersäits mengen ech, datt mir elo Lach wäerte kréien, dat hu mir schonn Enn 2022 annoncéiert a Pressekonferenze mat der Chambre des bêtis an der Fédération des artisans. Dat Lach, dat ass elo do an dat léisst sech net méi evitéieren."
Am Bau géing et keen On-Off-Knäppche ginn a Krise géinge sech ëmmer verzerrt bemierkbar maachen, erkläert de Paul Nathan.
"Wat mir awer lo wëllen, dat ass, datt de Logement an de Wunnengsbau erëm acceleréiert gëtt, fir eebe sou séier wéi méiglech erëm kënnen am Bau nei Chantiere kënnen unzefänken an de ganze Marché erëm ze redynamiséieren."