Radioen

On air

Moiesstudio  |  Editioun 07:00

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Impfgéigner bleift aus dem ëffentlechen Déngscht ausgeschloss

Verwaltungsgeriicht

Impfgéigner bleift aus dem ëffentlechen Déngscht ausgeschloss

De Sacha Borsellini, ee vun den Haaptgéigner vun de Covid-Mesurë vun der Regierung, bleift aus dem Staatsdéngscht ausgeschloss. De Mann mam Spëtznumm “Sa Bo” huet nämlech an éischter Instanz um Verwaltungsgeriicht Onrecht kritt. Do hat hie sech géint seng Entloossung gewiert.

auto_stories

2 min

Cité judiciaire | © Laura Paredis / Pexels

Op Hellegowend 2021 war de Sacha Borsellini am Kader vun enger Protestaktioun um Knuedler vun der Police matgeholl ginn. Kuerz no Chrëschtdag vun deem Joer gouf hie vum Déngscht suspendéiert an am Abrëll 2022 dunn ofgesat.

Ëffentlechen Déngscht ass a Gefor bruecht ginn

Et gouf zwee Haaptreprochë géint de Mann, deen als Giischtje geschafft hat: Éischtens, datt hie Manifestatioune géint d'Politik vun der Regierung a Saache Covid-19 organiséiert, respektiv dozou opgeruff hätt, bei esou Protester matzemaachen. Zweetens, datt hien an deem Kontext ëffentlech d'Wuert ergraff an iwwer déi Sozial Medien dozou kommunizéiert hätt.

Zum éischte Virworf: D'Riichteren halen an hirem Urteel fest, datt de Sacha Borsellini eng besonnesch aktiv Roll gespillt an zum Demonstréieren appelléiert hätt, och wann hien dat bestreide géif. De Conseil de discipline wier dowéinst zu Recht zur Conclusioun komm, datt hien ënner anerem d'Interesse vum ëffentlechen Déngscht a Gefor bruecht hätt.

"Impf-Faschismus" an "Arbeitslager" 

Wat den zweete Virworf ugeet, esou hätt de Mann an zwee Videoen an 9 Messagen op de Soziale Medien d'Covid-Politik vun der Regierung erofgemaach. Domat hätt hien net nëmmen d'Limitte vun der Meenungsfräiheet iwwerschratt, mee dobäi och een Discours gehalen, deen den Asaz vu Gewalt legitiméiert hätt, hält d'Verwaltungsgeriicht fest.

Donieft hätt hie sech net dovun distanzéiert, datt aner Leit gemengt hätten, eventuell Fënstere vun der Chamber futti ze schloen, wier e Kollateralschued. Am Urteel fanne sech och vill Zitater vum Ex-Giischtjen erëm: Dora geet ënner anerem rieds vun "Impf-Faschismus" an dovun, datt de Prisong, seng fréier Aarbechtsplaz also, en "Arbeitslager" wier.

Uerg Verstéiss géint d'Flichte vu Fonctionnairen

D'Gravitéit vum Verhale géif sech ënner anerem duerch seng Aussoen zur Impfpolitik weisen. Doriwwer eraus hätt hie Leit zu Manifestatiounen dogéint opgeruff an näischt géint en eventuellen Asaz vu Gewalt dobäi gesot. Dat géif uerg Verstéiss géint d'Flichte vu Fonctionnairen duerstellen.

An och wann et keng disziplinaresch Virgeschicht géif ginn, wieren déi Verstéiss esou schwéier, datt d'Revocatioun déi eenzeg ugemoossen disziplinaresch Mesure wier. Dowéinst wier de Recours vum Sacha Borsellini zeréckzeweisen. An hien hätt och keng 10.000 Euro Indemnité de procédure zegutt, esou wéi säin Affekot et gefrot hat, esou nach d'Urteel.